Mir hu bei engem Houfschmadd nogefrot, wéi eng Viraussetzungen, respektiv wéi eng Ausbildung ee brauch a wéi geféierlech dëse Beruff ka sinn.

Dem David Reiland säi Wee fir Houfschmadd ze ginn, ass iwwert en Apprentissage adulte gaangen. Fir dës Ausbildung brauch een e Patron hei zu Lëtzebuerg, mat deem een 2 Deeg an der Woch matgeet. Déi aner 3 Deeg geet et am Ausland an d'Schoul, entweder an der Belsch oder a Frankräich, wou et niewent der Theorie och e prakteschen Deel gëtt. Bei deem léiert ee schmidden an et gi Preparatiounen um doudege Päerdsfouss gemaach. D'Viraussetzungen, fir iwwerhaapt esou eng Léier unzefänken, ass virun allem kierperlech a Form ze sinn an och, datt ee gäre mat Päerd a Mënschen zesummeschafft.

Den Houfschmadd
Mir hunn engem Houfschmadd bei der Aarbecht iwwert d'Schëller gekuckt.

Als Houfschmadd ass et d'Zil, datt d'Féiss vun de Päerd, Ponyen an och Ieselen an engem gudden Zoustand sinn, fir datt se anstänneg lafe kënnen. Ob e Päerd Houfeise brauch, hänkt vu Päerd zu Päerd of an och, ob et vill geridde gëtt oder net, esou den David Reiland weider. Da ginn et Päerd, déi brauchen 2 Eisen an anerer esouguer 4. Dat betrëfft virun allem d'Kutschepäerd, déi gréisstendeels op Makadamm lafen. D'Haaptfunktioun vun esou engem Houfeisen ass et, fir den Houf ze schützen. Eng weider Aarbecht vun engem Houfschmadd ass et, fir un den Eise Korrekture virzehuelen. Niewent de reegelméissege Rendez-vousen, déi all 8 bis 10 Woche sinn, wou d'Päerd nei beschloe ginn, ginn et awer och Urgencen. Dëst ka sinn, wann e Schwier um Houf ass oder wann e Päerd op eng Competitioun oder en Training muss a säin Eisen ass lassgaangen.

Sécherlech ginn et och mol méi geféierlech Momenter, wann e Päerd mat den hënneschte Féiss versicht auszeschloen, wann een dru schaffe wëll oder wann dat grousst Déier sech mat sengem ganze Gewiicht op een erofsacke wëll loossen. Schonn eleng do ass et wichteg, a Form ze sinn, fir deen Ament reagéieren ze kënnen. Et soll ee sech awer bewosst sinn, datt e Päerd vill méi Kraaft huet wéi de Mënsch, deemno zitt een de Kierzeren, wann ee sech op e Muechtkampf aléisst. Dat géifen negativ Erfarunge fir de Schmadd an d'Déier ginn. Et ass deemno ganz besonnesch wichteg, op D'Déier anzegoen an ze spieren, wann et eventuell fäertereg ass a séier erféiert. Deen Ament ass nach méi Rou a Geloossenheet gefrot. Et sinn extrem sensibel Déieren, déi keng Hektik oder Stress verdroen. vun dohier ass et éischter en Nodeel, wann ee selwer gestresst ass an da bei d'Päerd wëll goen.

Dem David Reiland ass et wichteg, datt eng gutt Zesummenaarbecht a Kommunikatioun tëscht Proprietären, Veterinären an Houfschmadd besteet. Respekt a Versteesdemech een deem anere géintiwwer dréit zur Harmonie bäi, déi net nëmme fir déi Concernéiert relevant ass, mee ganz besonnesch fir d'Päerd.