18 entwëscht Waasserbüffele maache Schued am Wäert vu 25.000 Pond
Do huet d'Koppel aus Essex net schlecht gestaunt: Am Juli d'lescht Joer stounge bemol 18 Büffelen an hirem Gaart an hu sech am Pool eng Ofkillung gegënnt.
Am Juli 2022 waren am britteschen Essex 18 Waasserbüffele vun hirer Weed fortgelaf, am Gaart vun enger Koppel huet et hinne besser gefall. Wéi den Andy Smith der Zeitung "Guardian" erzielt, hätt seng Fra, "wéi si den Téi fir de Kaffi moies maache wollt an aus der Fënster gekuckt huet", 8 Büffelen an hirem Pool gesinn.
"Si huet den Noutruff gewielt - ma d'Pompjeeën soten, si këmmere sech net ëm Telefonsspiichten. Et war zimmlech vill Iwwerriedungskonscht néideg, dass si eis eescht huelen." Ma méi spéit wieren d'Pompjeeën dann awer op den Asaz komm. Ma virun allem mat der Hëllef vum Bauer, deem d'Déiere wéinst engem futtissen Elektrozonk entwëscht waren, konnten d'Büffelen rëm agefaange ginn.
Schlussendlech hunn d'Biller vun den Iwwerwaachungskameraen am Gaart de Virfall opgekläert. Dorop gesäit een, wéi d'Déiere moies fréi an de Gaart wanderen. Ee vun de Büffelen trëppelt op d'Ofdeckung vum Pool a fält an d'Waasser. Doropshin sprange siwe weider Déieren an d'Waasser.
Ma bei hirer Auszäit am Swimmingpool hunn d'Büffelen awer eng ganz Partie Schied hannerlooss. "Dëse Pool war eise Luxus fir d'Pensioun", erkläert den Andy Smith weider. "E gouf mat vill Schweess a Méi verdéngt, ma nodeems d'Büffelen dora geschwomme sinn, hat e Lecks a war net méi ze brauchen."
No Méint laangem Waarden an Diskussioune mat der Assurance gouf et elo gutt Noriichte fir d'Koppel: De Schued an Héicht vu ronn 25.000 Pond, also 28.750 Euro, gëtt iwwerholl.