Jorelaang gouf iwwerluecht en Damm am Naturschutzgebitt ze bauen. Eng Biberfamill huet den Autoritéiten d'Aarbecht ofgeholl an hinnen e Batz Geld gespuert.

An Tschechien huet eng Biberfamill bei der Revitaliséierung vun enger Baach gehollef an domat Naturschützer an Autoritéite vill Suen an Aarbecht gespuert. D'Nagedéieren hätten um Floss Klabava en Damm gebaut an esou e suppegt Gebitt geschaaft, heescht et vum Chef vum Landschaftsschutzpark Brdy, dem Bohumil Fiser.

Do, wou d'Biber hiren Damm gebaut hunn, fléisst de Klabava duerch e kënschtleche Kanal laanscht e grousse Fëschweier. Naturschützer, Waasserfuerscher, Gemengen a Fierschter hu scho jorelaang doriwwer diskutéiert, ob a wéi de Floss a säin natierleche Laf zeréckgesat kéint ginn. Ma d'Biber hunn elo kuerze Prozess gemaach.

E Biber kéint an enger Nuecht bauen, woufir de Mënsch mat engem Bagger eng Woch bräicht, sot de Fiser op der tschechescher Televisioun. De Mënsch misst fir d'éischt Autorisatiounen ufroen, waasserrechtlech Decisiounen ofwaarden an Demandë fir finanziell Hëllefe maachen. De Bohumil Fiser schätzt, datt duerch de Biber-Damm ëmgerechent bis zu 1,2 Milliounen Euro gespuert konnte ginn.

Zu der nëtzlecher Biberfamill am Landschaftsschutzpark Brdy gehéieren eng Eltere-Koppel an zwou Generatioune vu Jongdéieren. Ufank vum 19. Joerhonnert huet den Europäesche Biber an Tschechien als ausgestuerwe gegollt. Eréischt Enn vum 20. Joerhonnert sinn d'Biber nees agewandert. Antëscht gëtt d'Populatioun op eng 15.000 Déiere geschat.