An enger schwéier zougänglecher Bucht vun der australescher Insel Tasmanien ass e Grupp vun 157 Delfinen e Mëttwoch ugeschwemmt ginn.

Ronn 90 Delfine géifen nach liewen, Dosende vun den Déiere wiere scho gestuerwen, heescht et vum lokalen Ëmweltministère. Fir déi Delfinen, déi iwwerlieft hunn, ze retten, wier immens komplex. D'Arthur-River-Bucht am Weste vun Tasmanien ass schwéier zougänglech, wat et ebe schwiereg mécht, dat néidegt Ekippement op d'Plaz ze bréngen. Eleng wéinst dem Gewiicht vun den Déiere wier et schwéier, se nees an d'Waasser ze bréngen. Och d'Mieresbedingunge géifen net wierklech matspillen, heescht et weider.

De Brendon Clarke vun der zoustänneger Autoritéit fir wëll Déieren huet erkläert, datt et déi éischte Kéier zanter 50 Joer ass, datt Delfinen an deem Deel vun Tasmanien ugespullt gi sinn. Firwat et elo geschitt ass, weess ee bis ewell nach net.

Bei den 157 Déieren handelt et sech ëm "falsch Schwäertwalen". Dësen Numm hu si kritt, well si immens engem Schwäertwal änelen an awer net zu dëse gehéieren. Se gehéieren nämlech zu der Famill vun den Delfinen.