Rendez-vous fir d’Finale vun der "Miss & Mister Luxembourg 2013"-Wiel war e Samschdegowend am Chapito vum Casino 2000.

Wien ass dat schéinst am ganze Land?
Um Samschdeg war et am Casino 2000 zu Mondorf déi 40. Editioun vu Miss a Mister Luxembourg: Héloïse Paulmier a Kevin Stamerra heeschen déi glécklech Gewënner.

D'Plaze ware schonn am Virfeld komplett ausverkaf.

Kuerz virun 20 Auer ass et am Chapito vum Munnerefer Casino 2000 mat der 40. Kréinung vun der Miss Luxembourg lassgaangen.

No engem kuerze Réckbléck iwwert déi vergaange Joren ass de Jury virgestallt ginn: Dat lëtzebergescht Topmodel Sonja Gleis, d'RTL-Presentatrice Sandie Lahure, d'Dänzerin Silvia Camarda, de franséische Mannequin a Sänger Babacar an d'Presidentin vum Comité National Miss & Mister Luxembourg.

Du war et un deene 5 jonken Hären a 16 Meedercher: Déi éischt Tenue an där d'Kandidate sech presentéiert war sportlech legär.

Duerno ass d'Opreegung awer geklommen, well déi 21 Kandidaten hu sech dem Public an enger vun de beléifsten Tenuë gewisen: Tenue de Plage. Ma trotz der Opregung hu si alleguer eng ganz gutt Figur gemaach - an dat huet een och am Sall héieren ...

E besonnesche Moment war awer och den Optrëtt vum Nadine Rodrigues. Déi jonk Sängerin hat am Fréijoer scho mat hirem Optrëtt bei der Casting-Show 'The One' begeeschert, an dat ass hir och op dëser Soirée nees gelongen.

RTL

Déi nei Miss Luxembourg. / © Debora Ceccacci

Den zweetleschten Défilé vum Owend ass ganz elegant ginn, well do hunn d'Häre sech am schicke Kostüm an d'Damme sech am laangen Oweskleed mat glamouréise Coiffurë gewisen.

Während de Jury sech zréckgezunn huet, huet den 'Orchestre Ben' mat enger Mëschung aus Pop a Funk d'Leit am Sall a Stëmmung bruecht. Kuerz no 22.30 Auer ass et fir déi éischt Kéier richteg spannend ginn, wéi d'Top 6 vun de Meedercher dem Public matgedeelt goufen:

- Mandy Bausch
- Jessica Hansen
- Merisa Kurtovic
- Héloïse Paulmier
- Viviane Poensgen
- Corinne Semedo Furtado

Ma wee Miss oder Mister Luxembourg wëll ginn, dee muss net nëmme gutt ausgesinn, ma dee muss och weisen, wat ee kann. Vum Gesang iwwer d'Danze bis bei den Asaz fir eng charitativ Associatioun hunn déi 11 Finalisten dem Public matgedeelt, wat hinne besonnesch um Häerz loung.

Ier d'Miss an de Mister Luxembourg gekréint gi sinn, war de leschte Passage op der grousser Bühn an den Hochzäitskleeder.

An dunn endlech stoungen d'Gewënner fest ...

2. Dauphine: Viviane Poensgen
1. Dauphine: Corinne Semedo

Miss Luxembourg: Héloïse Paulmier (18)

Mister Luxembourg: Kevin Stamerra (25)

RTL

Déi éischt Dauphine: Corinne Semedo / © Debora Ceccacci

RTL

Op der Pressekonferenz nom Event. / © Nadine Faber