RTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Guy Aach

© Patrick Greis
De Guy Aach ass e pensionéierten Geschäftsmann aus der Stater Groussgaass a fréiere Generalkommissär vun der FNEL.
Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel gëtt ee gewuer, wéi hien ënner d'Hauf koum, a wéi een en deieren Teppech un de Mann oder d'Fra bréngt. Mir héiere wéi den Ëmgang mam Grand-Duc Jean an dem Poopst Jean-Paul II war, wéi hien zum President vum jiddesche Consistoire ginn ass. Et geet ëm Glécksspiller, en eegene Fliger an Ënnerwäsch, déi bei him méi deier wéi e gutt Hiem war.
Piano: Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren
Wann der am "Café des artistes" wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.