Den neie Video vum Guillaume Néry hëlt engem den Otem

© Facebook / Guillaume Néry
De franséischen Apnoe-Taucher Guillaume Néry huet en neie Film ënner Waasser produzéiert an deen hëlt engem wuertwiertlech den Otem.
De véierfache Rekordmeeschter an duebele Weltmeeschter am Apnoe-Tauchen, dee mat engem eenzegen Otemzuch 126 Meter tauche kann, hëlt eis a sengem 12-Minutte-Clip mat an d'Ënnerwaasser-Welt. Besonnesch markant an zentral Iddi hannert dem Film, sinn d'Zeene mat de Pottwalen, déi u Monolithen erënneren, eng Positioun an där d'Déiere schlofen oder raschten - e Moment, esou eenzegaarteg wéi rar.
Aacht Filmer huet de Guillaume Néry scho produzéiert, an deenen hien eis nees zeréck bei eisen Ursprong wëll huelen, eis vergiessen deet, dass hien eigentlech am Waasser ass.