Zu Tënten zum Beispill gouf um Sonndeg déi 4. Buerg an der Gemeng Helperknapp gebrannt.

Buergbrennen: Eng Traditioun

Zesumme hu mir d'Keelt verjot a symbolesch de Wanter verbrannt oder solle mer besser soen, mer hunn de Stuerm verjot?!

Queesch duerch Lëtzebuerg, ma och am däitsche Grenzgebitt an op verschiddene Plazen am Frankräich, huet de Brauch vum Kräiz verbrennen e feste Bestanddeel. Mir hunn net dat héchste Kräiz oder déi schéinste Buerg gesicht, mä einfach mol kucken, wou wéi eng Buergen gebaut ginn a besonnesch, wou d'Leit dem Wand de Réck gedréint hunn.

E puer Fakten

An der Zäit war d'Buergbrennen reng just um "Buergsonndeg", ma mëttlerweil hu vill lokal Veräiner dëse Rendez-vous och schonn op Samschdeg, souguer op Freideg verluecht, wat organisatoresch besser ze geréieren ass. A ville Gemenge sinn et och nach ëmmer d'Scouten, déi sech engagéieren, sou dass och déi méi Kleng eppes vun der Traditioun hunn.

De Fakelzuch gehéiert mëttlerweil zu engen feste Bestanddeel. Soss war et de Brauch, datt d'Buerg vun där Koppel ugefaange gouf, déi sech am Duerf fir d'lescht bestuet huet oder vu jonke Koppelen, déi sech an deem Joer bestueden.

An der Zäit hunn d'Baueren a Wënzer vum Buergbrenne profitéiert, fir d'Wieder am Virsummer virauszesoen: "Wéi den Damp op Buergsonndeg geet, sou geet en de ganze Virsummer".

Ma d'Meteo huet et dëst Joer net grad esou gutt gemengt mam traditionelle Rendez-vous. Op ville Plazen gouf d'Buergbrennen aus Sécherheetsgrënn ofgesot.