Wéi eng Buergbrenne goufen ofgesot a wéi eng net?

© Daisy Wagner
Bis 22 Auer e Sonndeg den Owend war mat staarkem Wand ze rechnen, wisou och eng ganz Partie Buergbrennen ofgesot goufen.
D'Meteolux hat fir e Sonndeg de ganzen Dag (10 Auer-20 Auer) eng Alerte Orange erausginn, dat fir dat ganzt Land.
Wéinst ëmwelttechnesche Grënn, ass et dann och net sou evident d'Brennen ze verleeën, respektiv d'Material, dat fir d'Buerg schonn opbruecht gouf, einfach esou ze verbrennen. Heizou soll dann och an de nächsten Deeg eng parlamentaresch Fro un de responsabelen Ministère (Ministèren) gestallt ginn.
Ofgesot waren dës Buergbrennen:
- Stroossen
- Biereng bei Miersch (Fir Iessen a Gedrénks war gesuergt. Dat Ganzt war dann och fir den Télévie.)
- Sandweiler
- Biissen
- Réiden un der Atert
- Ettelbréck
- Jonglënster (hei war d'Buerg reegelrecht ëmgeblose ginn)
- Réiser
- Blaaschent
- Keespelt
- Mamer
- Tënten (op nächste Sonndeg verluecht)
- Feelen
- Haler
- Scheedgen
- Ëlwen
An der Entrée vun Ëlwen louch dann e Sonndeg de Mëtteg géint 13 Auer och e grousse Bam an der Strooss.
Welschent
- Grooljen
- Konsdref
- Izeg (Buergbrennen op Samschdes de 16. Mäerz verréckelt)
- Menster
- Buerglënster
Net ofgesot waren dës Buergbrennen:
- Steenem um 19 Auer
- Munneref um 19 Auer
- Schrondweiler um 19.30 Auer mat Gegrills
- Schieren um 20 Auer (Den traditionellen Ierbsebulli gëtt et vu 14.30 Auer un, awer NET wéi ugekënnegt am Zelt zerwéiert, mee e puer Meter niewendrun an där aler Primärschoul.)
- Ierpeldeng um Hiewelbierg um 18 Auer
- Um Cents
- Péiteng (Pompjeeë vum CIS Péiteng deele mat, datt hiert traditionellt Buergbrenne wéi ëmmer zu Rolleng/Lamadelaine stattfënnt. D‘Animatioun mat Iessen a Gedrénks ass am Centre de Loisirs zu Rolleng an um 19.15 Auer geet e Cortège mat Fakele bei d‘Buerg op de Routreis.)
- Beggen um 19 Auer
- Gonnereng um 18.30 Auer ass de Fakelzuch an um 19 Auer gëtt d‘Buerg ugefaangen. De ganzen Erléis ass fir den Télévie.

© Gilles Bonert
- Angelsbierg um 20 Auer (Uschléissend ass fir Iessen a Gedrénks am Veräinshaus "Op der Héicht" gesuergt.)
- Käl (De Cortège geet ouni Fakele vum Widdem bis an d'Diddelenger Strooss, wou fir Iessen a Gedrénks um Bauerenhaff gesuergt ass.)
- Rouspert um 19 Auer
- Schous um 20 Auer plus eng Kannerbuerg (Uschléissend ass fir Iessen a Gedrénks am Veräinshaus "Op der Héicht" gesuergt.)
Nieft dem Opriichte vun der Buerg hat een et zu Schous op der Héicht dann awer och nach mat engem Bam ze dinn, deen ëmgefall war. Den CIS Fëschbech huet sech direkt drëms gekëmmert an d'Strooss ass nees fräi.
- Préizerdaul um 19 Auer (Iessen a Gedrénks gëtt et am Pompjeesbau)
- Féngeg um 19 Auer
- Walfer um 19 Auer, organiséiert vun de Walfer Scouten
- Fenteng um 20 Auer (Freedefeier gëtt et keent, ma d'Restauratioun bleift wéi geplangt bestoen)
- Wuermer um 18.30 (Op der Plaz kënnen d'Leit sech am Dréchenen iwwer waarm a séiss Wirschtercher freeën)
- Rodange (Grill, gehëtzten Zelt, Freedefeier a gutt Stëmmung)

© Jeff Schrank
- Hënsdref um 19 Auer
- Altréier op der Schanz vun 18 Auer un, gebrannt gëtt um 19.15 Auer)
- Iechternach um Séi vun 18.30 Auer un
- Zéisseng
- Käerch
- Leideleng

© Tom Mamer
- Garnech
- Kauneref
- Bitscht um 19 Auer
- Kolmer-Bierg um 19 Auer (Buergbrennen ass an de Pompjeesbau verluecht)
- Hoen/Klengbetten um 19 Auer bei den Dräibrécken
- Habscht um 19.30 Auer (Vun 18 Auer u gëtt et Gegrills, et fueren och Navetten op d'Plaz)
- Luerenzweiler (19 Auer zu Luerenzweiler op der Schanz, mat Iessen a Gedrénks)

© Sven Linckels
- Chrëschtnech (D'Buergbrennen ass wéinst de Wiederkonditioune vun der Hougeriicht an de Clubsall vum Club des Jeunes (7, Fielserstrooss) verluecht ginn. Vu 17 Auer u gëtt et wéi gewinnt Guddes vum Grill an Chili.)
- Meechtem um 18 Auer op der Buergplaz (Waarmt a kaalt Gedrénks, sou wéi Gegrills gëtt zerwéiert)
- Mëlleref um 19 Auer
- Éiter
- Miersch (Aus Sécherheetsgrënn gëtt d'Buerg am Leie gebrannt.)
- Nidderaanwen (D'Brennen kéint awer kuerzfristeg nach annuléiert an op de nächste Weekend verluecht ginn)
- Bech
- Lampech um 19 Auer ( De Fakelzuch geet zu Lampech bei der Millesch fort.)
- Kielen ( Iessen a Gedrénks sécher op der Plaz, op d'Buerg ofgebrannt gëtt, gëtt sur Place ofhängeg vum Wand gekuckt)
- Groussbus (Wéi annoncéiert ass d'Brennen um 19 Auer, Iessen a Gedrénks am Parsall bei der Kierch)
- Miesdref bei Miersch (Brennen ass um 20 Auer, Iessen a Gedrénks gëtt schonn vun 19 Auer un zerwéiert)
- Uesweller (Fakelzuch um 19 Auer, fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt)
- Peppeng (Just Fakelzuch gouf ofgesot, Brennen ass um 19 Auer wéi annoncéiert)
- Sëll ( Um 19 Auer geet et lass, dat wéi geplangt och mat Iessen a Gedrénks)

© Christine Schmit
- Guedber (Buergbrennen um 19.30 Auer, Iessen a Gedrénks vun 18 Auer un)
- Bëschdref (RDV ass hei um 19.30)
- Bruch (RDV um 19.30 Auer an der aler Sandkaul)
- Wilwerdang ( RDV um 20 Auer zu Al Géidgen)
- Heesdref-Wëntger (RDV 19.30 Auer beim Tipp zu Heesdref)
- Miedernach
- Éiter (Iessen a Gedrénks vun 19 Auer un, d'Buerg gëtt um 20 Auer a Brand gestach)
- Duelem (RDV ass wéi geplangt um 19 Auer)
- Diänjen (RDV ass um 19 Auer)

© Stephane Birgin
Dann ass eng weider Meldung, dass d'Mäerzwanderung um 14 Auer zu Wallenduerf-Pont vum Syndicat d‘Initiative Reisdorf stattfënnt, allerdéngs mat verännertem Parcours.
Wéinst de schlechte Wiederkonditiounen ass d'Schëfflenger Kavalkad dann och ofgesot. No Récksprooch mat der Police huet een d'Kavalkad aus Sécherheetsgrënn ofgesot. D'Organisateure sichen elo mam Buergermeeschter een neien Datum. De 7. Abrëll wier ee méiglechen Datum.
Rotschléi vum CGDIS
Communiqué de presse relatif aux risques spécifiques liés aux bûchers de la fête des brandons pour le dimanche 10 mars 2019
Considérant l’avis de vent violent lancé par Meteolux pour ce dimanche jusqu’à 20h00, le Corps grand-ducal d’incendie et de secours tient à rappeler quelques règles de sécurité spécifiques pour l’organisation de la fête des brandons :
- S’assurer de la stabilité du bûcher par rapport aux risques d’effondrement et de projection de matériaux.
- Eviter d’utiliser de l’essence ou d’autres allume-feu artificiels pour allumer le brandon notamment par rapport au risque de retour de flammes lors de l’allumage.
- Renforcer l’amarrage des tentes et autres constructions temporaires.
- Prévoir une distance de sécurité minimale équivalente à 3 fois la hauteur du bûcher est fortement recommandée tant pour le public, que pour les installations et toute autre construction.
- Evaluer la sûreté de l’accès au site de la fête notamment par rapport aux risques de chute d’arbres ou de tout autre élément et à la praticabilité pour le public et les services de secours.
Les organisateurs sont invités à évaluer par rapports aux éléments indiqués ci-dessus le maintien de l’organisation de la fête et si tel est le cas de s’assurer que les conditions météorologiques permettent un allumage du bûcher en toute sécurité.
Alerte Orange - Wat réit d'Meteolux
Conséquences possibles
- Rupture de branches d’arbre ;
- Quelques arbres tombés ;
- Toitures et cheminées endommagées ;
- Véhicules légèrement déportés sur les routes ;
- Circulation routière localement perturbée, surtout en zone forestière.
Conseils de comportement
- Limitez les déplacements ;
- Limitez votre vitesse sur la route, surtout si vous conduisez un véhicule ou attelage sensible aux effets du vent ;
- Ne vous promenez pas en forêt ;
- En ville, soyez vigilants face aux chutes possibles d’objets divers ;
- Rangez ou fixez les objets sensibles aux effets du vent ou susceptibles d’être endommagés (par exemple : mobilier de jardin, parasols, …) ;
- N’intervenez pas sur les toitures ;
- Vigilance accrue.