Wéinst dem Lidd "FCK LXB"Den Tun Tonnar muss sech viru Geriicht veräntwerten

RTL Lëtzebuerg
Eng oder méi Persounen, déi den Tun Tonnar am Lidd perséinlech ugräift, hunn eng Plainte géint hie gemaach.
VIDEO: "FCK LXB": Plainte géint den Tun Tonnar
Eng oder méi Persounen, déi am Lidd perséinlech ugegraff ginn, hunn eng Plainte gemaach. Den Tun Tonnar huet sech erkläert.

Wéinst de Passage “Fxxx de Fred Keup... Fxxx de Joe Thein... Fxxx den Tom Weidig” gouf eng Plainte gemaach. RTL huet an der Emissioun “Live! Planet People” doriwwer geschwat.

De Museker huet déi riets Zeen zu Lëtzebuerg scho méi laang am Bléck, do hätt sech Villes gestaut, wat hie wollt erausloossen. Mam Fanger op dat Thema weisen, dass et Diskussiounsbedarf gëtt, dat war d’Iddi hannendrun.

Zu der Plainte selwer, well am Lidd och verschidde Leit perséinlech genannt ginn, dozou wollt den Tun Tonnar sech net äusseren. Senger Meenung no huet hien näischt falsch gemaach a kee perséinlech beleidegt. Dat Ganzt géif ënner Konschtfräiheet falen. Eng vun de wichtege Rollen an der Musek an an der Konscht, wier et e Spigel vun der Gesellschaft ze sinn an dat heescht, och emol mam Fanger op Saachen ze weisen, déi vläicht méi pickeg sinn.

De Prozess ass den 28. Mäerz.

Presse-Communiqué vun der Piratepartei

Back to Top
CIM LOGO