Den Tun Tonnar an de Jim Thill sinn eigentlech besser bekannt als “Turnup Tun” a “Skinny J”. Si hu leschte Summer hiren éischten Album “Frësche Wand” erausbruecht. Mat hiren Texter leeën si dacks de Fanger an d’Wonn. Den Tun Tonnar muss sech wéinst engem präzisen Text (“FCK LXB”) esouguer an zwou Woche viru Geriicht veräntwerten. Mir hunn awer och iwwert dem Skinny J seng Solo-EP “Ego”, déi am Abrëll erauskënnt geschwat.
Den Alex Heyar presentéiert déi 7. Editioun vu sengem MooFest. Dëse Museksfestival plënnert dëst Joer vun der Kufa an d’Rockhal. D’Konzept ass awer dat selwecht bliwwen: Rockmuseker treffen sech a spille fir de gudden Zweck. 2019 ass den Erléis grad esou wéi schonn d’lescht Joer fir d’Fondatioun Thierry van Werveke.
Den Ivan Cardoso ass de “Startup Chauffeur”. Hien invitéiert d’Stare vun der nationaler an internationaler Startup-Szen a säin Auto a lächert si ënnert dem Hashtag #askfounders mat Froen. Wou fanne si hir Iddien? Wéi leeën si sech u fir Investisseuren ze fannen? Wéi gi si mat Mësserfolleger ëm?