Mir haten Iech gefrot, fir eis Proposen eranzeschécken. Elo stinn d'Topp 5 vun de Jongen- a Meederchersnimm fest.

E Freideg de Moien hat déi ierfgroussherzoglech Koppel annoncéiert, datt si Nowuess erwaarden. Am Mee 2020 soll de Puppelchen op d'Welt kommen.

Am Oktober 2012 hate sech de Guillaume an d'Stéphanie d'Jo-Wuert ginn. Lo no 7 Joer ass et esouwäit an den Dag vun der offizieller Annonce kéint net méi perfekt sinn - op Kleeserchersdag.

Wéi soll d'Kand vun der ierfgroussherzoglecher Koppel heeschen?

Mir haten Iech e Freideg de Moie gefrot, fir eis Propose vu Jongen- a Meederchersnimm eranzeschécken. Iwwer 400 Virschléi sinn erakomm. Mir hunn d'Topp 5 bei de Jongen an de Meedercher erausgesicht an elo kënnt Dir fir äre Favorit ofstëmmen.

Dës Ëmfro representéiert just d'Meenung vun den RTL.lu-User.