Nowuess um Haff"Mir si ganz glécklech hei ze sinn, zu 3"

Annick Goerens
Pierre Jans
Laang huet Lëtzebuerg drop gewaart, op Kleeserchersdag dann d'Nouvelle, dass de Prënz Guillaume a seng Fra Stéphanie e Kand erwaarden.
VIDEO: Nowuess um Haff / Rep. Pierre Jans (6.12.19)
Laang huet Lëtzebuerg drop gewaart, op Kleeserchersdag dann d’Nouvelle, dass de Prënz Guillaume a seng Fra Stéphanie e Kand erwaarden.

E Statement dozou hu si e Freideg den Owend am Kader vun der Ouverture vun engem Pop-Up-Store vun der Associatioun “De Mains De Maîtres” an der Stad ginn.

De Statement vun der ierfgroussherzoglecher Koppel
Laang huet Lëtzebuerg drop gewaart, op Kleeserchersdag dann d’Nouvelle, dass de Prënz Guillaume a seng Fra Stéphanie e Kand erwaarden.

Et ware gutt Nouvellen, déi e Freideg de Moie vum Haff komm sinn. Et annoncéiert sech Nowuess. Den Ierfgroussherzog Guillaume an d’Prinzessin Stéphanie ginn Elteren. De Groussherzog Henri an d’Groussherzogin Maria Teresa si begeeschtert gewiescht iwwert d’Noriicht an deelen d’Freed vun den zukünftegen Elteren. Dat huet de Maréchalat de la Cour e Freideg de Moien offiziell matgedeelt. D’Kand soll am Mee 2020 op d’Welt kommen. Ob et e Jong oder e Meedche gëtt, dat ass dem Ament nach net gewosst.

Groussherzoglechen Nowuess / Rep. Annick Goerens (6.12.19)

Am Oktober 2012 hat sech déi ierfgroussherzoglech Koppel d’Jo-Wuert ginn. Natierlech koum dunn och d’Fro vum Nowuess op. Am Ufank hat et geheescht, d’Ierfgroussherzogin misst sech an hirer neier Roll fir d’éischt emol erëmfannen. Lo no 7 Joer ass et esouwäit an den Dag vun der offizieller Annonce kéint net méi perfekt sinn - op Kleeserchersdag.

PDF: Offiziellt Schreiwes vum groussherzogleche Palais

Back to Top
CIM LOGO