D'Zäit vun de Fuesgecken ass scho voll amgaangen. An do dierf e kreative Kostüm natierlech net feelen!

Ganz am Trend sinn Do-it-yourself-Outfitten. En ausgefalene Kostüm muss net onbedéngt deier sinn. Dacks gi Basic-Kleedungsstécker an e puer Accessoiren duer, fir aus der Mass erauszestiechen. Beléift bei de Fraen ass zum Beispill den Tutu.

Wéi schonn déi viregt Jore steet Fuesent och 2020 nees am Zeeche vun Disney-Figuren. An do gräife Kleng a Grouss net just gär zu Prinzessineräck, ma och béis Figure wéi d'Cruella de Vil a Ganz-Kierper-Kostümer vun Déiere kommen op de Fuesbaler gutt un.

Nieft Disney-Klassiker inspiréiere sech vill Fuesgecken u bekannte Filmer a Serien. Méi wéi eng Kéier dierft een dëst Joer dem Joker, dem Clown aus dem Horrorfilm "It" an dem Harley Quinn begéinen. Den Trend vum Joer wäert awer warscheinlech Star Wars (Darth Vader, Luke Skywalker a Stormtrooper) wéinst "The Rise of Skywalker" sinn, deen zejoert am Dezember erauskoum. Vill verkaf ginn och Kostümer vum Spiderman, den Avengers an dem Captain Marvel.

Wat wier déi geckegst Zäit am Joer ouni Gruppekostümer? Mario Kart, La casa de papel oder Orange is the new Black eegene sech perfekt, fir am Partnerlook mat de Frënn an Aarbechtskolleegen ze feieren.

An net ze vergiessen de beschte Frënd vum Mënsch! Mëttlerweil ginn et nämlech eng Abberzuel un Accessoirë fir d'Véierbeener. Ob et de Muppen gefält, ass natierlech eng aner Saach...

Do-it-yourself-Fueskostümer

Schoko Bon

Cookie Monster

Star Bucks

Disney-Kostümer

Frozen

Cruella de Vil

Toy Story

Bekannte Filmer a Serien

Joker

Pennywise

Gruppekostümer

Gruppekostüm "Up"

Mario Kart

Haus des Geldes

Kostümer fir Hënn

Hond - Star Wars

Hond - Harry Potter