An der Natur consomméieren d'Schimpansen däitlech méi Alkohol wéi bis ewell ugeholl.

Eng nei Etüd vun der Uni vu Berkley weist: Erwuessen Déieren huelen iwwer Friichten, déi gegäert hunn, an der Moyenne 14 Gramm Ethanol, also Alkohol pro Dag zou sech. Dat entsprécht ongeféier engem klenge Béier. Onkloer ass, ob d’Schimpanse bewosst zu alkoholhaltegem Uebst gräifen, well et méi séiss ass, oder et zoufälleg geschitt.
 
Dat ënnerstëtzt d’Theorie, datt déi mënschlech Naup fir Alkohol déif an der Evolutioun verwuerzelt ass. Och déi fréi Mënschen, déi enk mat den haitege Schimpanse Famill sinn, hu sech zum gréissten Deel vun zeidegen an deels iwwerzeidegem Uebst ernäert.

Alkohol e weesentlechen Deel vum Alldag

Fir d'Fuerschung hunn d'Wëssenschaftler vun der Uni vu Berkley Schimpansen zu Ngogo an Uganda an zu Tai an der Elfenbeinküst analyséiert. Hei hunn d'Fuerscher festgestallt, datt d'Déiere ronn 4,5 Kilogramm Friichten den Dag konsuméieren. Uebst géing deemno ronn dräi Véierel vun hirem Ernärungsplang ausmaachen. Esou géinge Schimpansen eng fënnef bis zéng Prozent vun hirem Kierpergewiicht als räift Uebst zou sech huelen.

An de ronn 20 Uebstzorten, déi um Menü vun de Schimpanse stinn an déi analyséiert goufen, hätt sech erausgestallt, datt d'Friichten en Alkoholundeel vu ronn 0,26 Prozent opweisen. Gemooss un der héijer Quantitéit vun Uebst, déi d'Déieren zou sech huelen, wier Alkohol e wesentlechen Deel vun de Schimpansen hirem Alldag.

Wierkung vun zwou duebelen Drëppen

"Op alle Plazen huele männlech a weiblech Schimpansen deeglech eng 14 Gramm rengen Ethanol iwwer hir Narung op", erkläert de Biolog Aleksey Maro vun der Uni Berkeley. Dat géing engem klenge Béier oder enger duebeler Drëpp entspriechen. Géing een dës Quantitéit op d'Kierpergewiicht vun engem Schimpans ëmrechnen, deen am Schnëtt 40 Kilo weit, géing dat enger Alkoholwierkung beim Mënsch vu knapp der duebeler Quantitéit, also zwee klenge Béier respektiv zwou duebelen Drëppen entspriechen. Dat allerdéngs iwwer e ganzen Dag verdeelt.

Mënschlech Naup zu Alkohol wuel verierft

Net gewosst, ass, ob d'Schimpansen bewosst zu alkoholhaltegem Uebst gräifen, well dës méi Zocker hunn, oder ob si se zoufälleg auswielen. Unzeeche vun Dronk hätten d'Fuerscher awer net kënnen erkennen, dofir géing déi konsuméiert Quantitéit net duergoen. De konstante liichten Alkoholpeegel kéint awer op d'Ursaache vum mënschlechen Ëmgang mat Alkohol hiweisen. Och déi fréi Mënschen, déi enk mam Schimpans Famill sinn, dierfte sech zu groussen Deeler vu räifen an deels gegäerte Friichten ernäert hunn.