Bal 3.500 Leit schaffe fir den Event vun der "feierlecher Tournée" vum Grand-Duc
A gutt dräi Woche muss alles sëtzen, dann ass déi lescht Woch virum Trounwiessel de Weekend vum 3. bis de 5. Oktober.
Zanter zwou Wochen zum Beispill trainéieren zu Diddeleng d'Sänger zesumme mam Sylvia Camarda an David Galassi fir hiren exzeptionelle Spektakel aus Danz, Akrobatik, Sprooch, Musek a villes méi. An och zu Wolz gi fläisseg d'Tellere bemoolt am Kader vun der Visitt vum neie Grand-Duc de 4. Oktober an hirem "150-Meter-Dësch". De ganze Programm, well och zu Stengefort an zu Maacher si Festivitéiten op deem Dag organiséiert, fannt Dir HEI.
Ganz vill geplangt, ass natierlech och an der Stad. Dofir gëtt an der Luxexpo geprouft. Hei huet dat Ganzt nach emol eng ganz aner Envergure, wéi eis de Laurent Loschetter verroden huet. De Cofondateur an Direkter vum Atelier ass wärend dem Trounwiessel fir d'Produktioun vun der Tournée vum Grand-Duc zoustänneg, deen och déi 22 "Ënnerprojeten" ronderëm deen Dag mat geréiert.
Eng 3.000 bis 3.500 Leit sinn involvéiert, déi um Weekend vum Trounwiessel eng Hand mat upaken. Geplangt si jo e Spektakel op der Rouder Bréck mat der Arrivée vum Grand-Duc Guillaume an der Grande-Duchesse Stéphanie, Drone-Showen a sëllege Concerten. Do kann ee beim beschte Wëllen näischt dem Zoufall iwwerloossen, esou vill steet fest.