D'Gebuert vum Prënz Charles huet natierlech en Impakt op d'Zukunft vun der Lëtzebuerger Monarchie.

Wat ännert vun haut u bei der Successioun a firwat ass de Choix op den Numm Charles gefall? Ënner anerem déi Froen huet de Pit Everling  dem Historiker Jean-Marie Majerus gestallt.

Den neie Member an der groussherzoglecher Famill heescht also Charles, genee sou wéi de Monni vum Grand-Duc Henri a Brudder vum Grand-Duc Jean.

De Prënz Charles, 1927 gebuer, war net fir d'Troun-Successioun virgesinn, hien hat jo en eelere Brudder. Hie war 1940 mat an den Exil, hie war och an der Lëtzebuerger Arméi, war awer dono éischter am Geschäftsmilieu aktiv.
Hien huet sech mat der Duechter vun engem amerikaneschen Industrielle bestuet an huet wéinst deem Mariage missten op den Troun verzichten. De Charles huet sech dowéinst manner fir d'Lëtzebuerger Politik interesséiert ewéi déi aner, mä war awer Schiermhär vun enger Rei Associatiounen an huet doduerch eng Popularitéit genoss, déi him zougestanen huet.

1977 ass de Prënz Charles mat nëmmen 49 Joer gestuerwen.

Den Numm Charles erënnert natierlech och un d'Ur-Urgroussmamm vum Puppelchen, d'Grande-Duchesse Charlotte

Da gesäit den Historiker Majerus beim Numm Charles Parallellen zu Choixen, déi virdru geholl gi sinn.

Beim Grand-Duc Jean, deen nom éischte Weltkrich op d'Welt komm ass, war et de Jang de Blannen, béimesche Kinnek.
Den Numm vum Groussherzog Henri erënnert un de Keeser Henri de 7ten.
Hei ass et elo de Karel de 4., ee vun de berüümtesten däitsche Keeseren iwwerhaapt.

Och an der Famill vun der Ierfgroussherzogin Stéphanie spillt den Numm Charles eng Roll, ënner anerem huet am 15. a 16. Joerhonnert de Feldhär Charles de Lannoy gelieft.

Am Oktober 2012 haten den Ierfgroussherzog Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie sech bestuet.
Mat der Gebuert vum neie Prënz geet déi direkt Linn an der Troun-Successioun virun.

Déi geet an der männlecher Linn virun. Zënter 2011 hätt awer och e Meedche kënne Grande-Duchesse ginn.

Virun 9 Joer gouf d'Rechtslag nämlech geännert. Meedercher a Jonge sinn zënterhier komplett gläichgestallt, soulaang et sech ëm dat eelst Kand handelt, ass eng Successioun op den Troun méiglech.

Sollt de Prënz Charles net untrieden, sou wier et um jonke Brudder oder der jonker Schwëster, am Fall, wou d'ierfgroussherzoglech Koppel weider Kanner géinge kréien.
Wann net, géing d'Successioun weider bei den zweeteelste Fils vum Grand-Duc Henri goen, dat wier de Prënz Félix.

De Puppelchen ass dat fënneft Enkelkand vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa.

2006 an 2007 goufen d'Prënze Gabriel a Noah gebuer, d'Kanner vum Prënz Louis an der Tessy Antony de Nassau.
De Prënz Félix an d'Prinzessin Claire kruten 2014 d'Prinzessin Amalia, 2016 du koum de Prënz Liam op d'Welt.

Elo den 10. Mee 2020 feiert also déi ierfgroussherzoglech Koppel d'Gebuert vun hirem éischte Kand.