De Serge Pauly war an eis Archive kucken a wollt wëssen, wéi dat deemools war, wou dem Prënz Charles säi Papp, säi Bop a säin Urbop op d'Welt koumen.

Wann am Joer 2020 en Trounfollger gebuer gëtt, da gesäit dat esou aus. De gléckleche Papp mécht den Dag vun der Gebuert en emouvante Video-Statement virun der Maternité. D'Grousselteren, déi aus bekannte Grënn net op Besuch däerfen, déi kréien den Nowuess virtuell an engem Videocall gewisen an eng Foto dovunner gëtt un d'Press geschéckt. Mä esou modern war dat net ëmmer.

D'Sortie aus der Maternité, dat sinn hautdesdaags dacks déi éischte Biller wann et um Haff Nowuess gëtt. Mä nach beim Prënz Guillaume, virun 39 Joer, hunn d'Leit sech nach e bësse méi laang misste gedëllegen. Do gouf de Puppelchen eréischt beim Kanddaf gewisen.

Mä de Guillaume huet sécher séier geléiert, dass en Trounfollger ëmmer e beléifte Motiv ass. Den Haff huet eise Kameraleit an de Fotografen net laang misste fléiwen, wann op eng Seance mam klenge Prënz invitéiert gouf.

An 1955, bei der Gebuert vum Prënz Henri, war esouguer de Kanddaf nach privat. Ofzefilme gouf et deemools nëmmen den Acte de Naissance an d'Titelsäite vun de groussen Dageszeitungen. Déi éischt Biller an eisem Archiv weisen de Prënz Henri, wéi e mat senger méi grousser Schwëster Marie-Astrid am Betzder Schlass um Kannapee spillt.

1921 gouf de Prënz Jean gebuer, fir d'Lëtzebuerg Monarchie war dat nom 1. Weltkrich an nom Referendum eng ganz beweegten Zäit. E wichtegen Detail deemools: de Prënz Jean war den éischten Trounfollger, deen op Lëtzebuerger Buedem gebuer gouf. Dat hei ass ee vun de rare Video-Dokumenter: d'Grande-Duchesse Charlotte weist sech mat hirem Puppelchen um Balcon vum Palais. Soss ginn et aus der Kandheet vum Grand-Duc Jean bal nëmmen offiziell Portraitsfotoen.