E Freideg den Owend sinn den Eric Nosbusch an den Henri Blasius am Live! Planet People eis Invitéen.

D'Violetta Caldarelli an den Olivier Catani lancéieren um 19 Auer am LIVE! Planet People d'Corona-Editioun vum Télévie.
Op televie.lu kann ee säin Don maachen oder wärend der Sendung um 80 02 66 66 uruffen an e Versprieche ginn.

Am Télévie-Studio d'Coordinatrice Diane Wunsch, d'Präsidentin vum Kiwanis Nathalie Frisch an d'Sängerin Laetitia Brooks.

Den Eric Nosbusch ass ville Jonken als DJ Nosi fir déi grouss Party bekannt. Mat sengem Premièresdiplom goung et op Lloret an dono koum d'Schockdiagnos Leukemie. Dertëschent leie 6 Méint, an deenen d'Doktere gerätselt hunn, vu wou säi Réckewéi kéim. An du goung alles bemol ganz séier. IRM-Diagnos, Nout-OP wéinst engem Tumeur an d'Gefor, geläämt ze bleiwen. Eng Stammzellen-Transplantatioun huet hie gutt ugeholl an ass um Wee vun der Besserung. De Moment läit en awer nach an der Rea am CHL a freet sech op säin neit Liewen.

Donieft freeë mer eis awer och mat engem Lëtzebuerger, dee vill Chance hat.

Den Henri Blasius huet leschte Sonndeg direkt 2 Mol den Jackpot beim Piccobello gewonnen a war op ee Schlag ëm 475.000 Euro méi räich, an dach huet dat hien net grouss verännert. De Pensionär war ëmmer fir jiddereen do, och wéi seng Schwëster kriibskrank war, a gesäit de Gewënn als klenge Merci fir seng Hëllefsbereetschaft.