Politik, Naturschützer a Baueren treffe mat hire jeeweilegen Interessen a Fuerderungen openeen. Eng Korrespondenz vum Claire Schmartz vu Berlin.

Brandenburg: Wat maache mat de Wëllef?

Zu Brandenburg gi Pläng diskutéiert, fir ënner gewëssen Ëmstänn ze erlaben, Wëllef ze schéissen. Dat ass e Schratt ewech vun der "Wolfsabschussquote", déi diskutéiert gouf - an de Gregor Beyer seng Positioun als Staatssekretär kascht huet – an awer nach ëmmer e Risiko ass fir de Bestand vun de Wëllef.

2022/23 ware beim brandenburgesche Landesamt fir Ëmwelt 62 confirméiert Wollefsterritoiren dokumentéiert ginn, d'Zuel gëtt op insgesamt 500 Wëllef geschat.

Fir d’Landwirtschaft a vill Baueren ass de Wollef eng Gefor fir d’Schof an d'Geessen – an e grousse Problem. A Brandenburg goufen 2024 ca. 1.000 Déiere verletzt oder gerass. Gefuerdert gi méi séier Decisiounen. Wann e sougenannte "Problemwollef" en Zonk iwwerwonnen hätt oder ëmmer erëm Véi attackéiert, soll dat duergoen, datt hien direkt geschoss ka ginn. De Jonas Scholz vum Schofszuuchtverband:

"Jeder Wolf, der innerhalvb von 48 Stunden wiederkommt, der weiss dass es da etwas zu fressen gibt. Woher weiss er es? Weil er schon mal da war. Also ist das kein Falscher, der sollte geschossen werden."

Dofir wëll d’Politik a Brandenburg de Wollef bis Enn dës Joers an d’Juegdrecht ophuelen an d’Prozeduren, déi et erméiglechen, e Wollef ze schéissen, solle manner bürokratesch ginn. De Baueren- an de Schofszuuchtverband leenen eng flächendeckend Juegd of. Just d’Jeeër sinn nach derfir.

Awer et gëtt keng eenheetlech Léisung fir ganz Brandenburg. Net all Regioun huet déi selwecht Problemer mat de Wëllef. Dofir wier et schwéier, eng eenheetlech Léisung ze beschléissen, wéi zum Beispill eng fix Quot. D’brandenburgesch Agrarministesch Hanka Mittelstädt ënnersträicht, dass si d’Suerge vun de Leit eescht hëlt, argumentéiert awer staark fir eng Ënnerstëtzung vun de Baueren duerch méi effizient Clôturen, déi d’Wëllef zeréckhalen, an den Asaz vun Herdenschutzhënn.

Och Naturschutzveräiner wéi de NABU an de BUND protestéiere géint eng Quotejuegd op de Wollef. Si warnen, dass d’Wëllef, déi no 100 Joer zeréckkomm sinn, erëm ausstierwe kéinten. Si fuerderen ee konsequent Bestandsmanagement an en adaptéierte juristesche Kader. Donieft méi Präventioun – wéi besser Schutzmesuren, Entschiedegungen an d’Finanzéierung vu Schutzmesuren.

Dës Debatt ass e Beispill, wéi schwéier d’Balance tëscht Ëmweltschutz an natierlecher Koexistenz ka sinn. Well si dierf net aus dem Bléck verléieren, datt de Wollef eng geschützt Aart ass a gläichzäiteg net d’Liewenssituatiounen an d’Erausfuerderunge vun der lokaler Bevëlkerung ignoréieren.