Fréier Prinzessin presentéiert éischt Kollektioun op der Luxembourg Fashion Week










































































E Samschdeg den Owend gouf an de Galeries Lafayette déi zweet Editioun vun der Luxembourg Fashion Week presentéiert.
Dëst Joer duerften d'Visiteuren, déi natierlech wéinst der aktueller Corona-Pandemie staark reduzéiert ass, 4 Kollektioune bestaunen: Zaady, La Gräfin, Monica a Human Highness. Dëse lescht genannte Label huet Lëtzebuerger Lienen. Hannert dësem Numm verstoppt sech d'Businessfra Tessy Antony de Nassau, Ex-Fra vum Prënz Louis.
Déi fréier Prinzessin huet zesumme mat hirer Frëndin an Designerin Milli Maier d'Kollektioun "Human Higness" entworf.
Hir Moud dréint sech ëm Capes aus Yak-Woll an den Téin gro, beige a schwaarz, déi um Catwalk zu Lëtzebuerg eng alleréischte Kéier gewise goufen. Dës limitéiert Editioun vun Ëmhäng, entworf fir "Superheldinnen", solle Kraaft, natierlech Schéinheet an Eleganz erëmspigelen a kënnen an all Saison gedroe ginn.
D'Kollektioun "Human Higness" wäert dann och an de Butteker an dee Galeries Lafayette ze fanne sinn.