Méi Rou, déi eege Prioritéiten hannerfroen, zu sech fannen. D’Grënn, firwat een e Lifecoach opsicht, kënne ganz ënnerschiddlech sinn, wéi och hir Usätz.

De Januar ass dee Mount an deem wuel vill Leit probéieren, eng besser Versioun vu sech selwer ze ginn. Dass d’Ëmsetzung net ëmmer esou einfach ass, dat kenne wuel déi Meescht. Ma et gi Leit, déi sech et zum Beruff gemaach hunn, aneren zur Säit ze stoen, wann dës eppes un hirem Liewen ännere wëllen: Sougenannte Lifecoachen.

Dat lescht Joer huet seng Spueren hannerlooss, net just an der Wirtschaft ma wuel bei jidderengem vun eis. Dass och déi allgemeng mental Gesondheet an deem Joer gelidden huet, kristalliséiert sech ëmmer méi eraus. Net just bei Psychiater a Psychotherapeute klëmmt d’Nofro, och am sougenannte Lifecoaching hunn iwwert d’lescht Joer méi Leit no Ënnerstëtzung gesicht. Trotzdeem wär d’Thema vun der mentaler Hygiène eent, wat zu Lëtzebuerg nach vill ze seelen diskutéiert gëtt, mengt d’ Lifecoach Vanessa Sanchez-Willems:

”Ech hunn heiansdo d’Impressioun, dass dat quasi soziale Ruffmord ass, wann ee bei de Psycholog, Psychiater oder Coach geet, awer et ass fancy, wann een e Personaltrainer huet, dat ass méi gesellschaftlech unerkannt. Ech mengen, dass d’Leit ëmmer méi spieren, dass se un hir Grenze kommen an net all Mënsch brauch e Psychiater, heiansdo hëlleft et scho ganz vill, wann ee mat engem Coach schafft.” 

De Begrëff vum Lifecoach ass net geschützt oder u konkret Ausbildunge geknäppt, dofir fanne sech ënnert dësem Iwwerbegrëff ganz ënnerschiddlech Approchen. D’Karen Decker huet sech zum Beispill am Bëschcoaching spezialiséiert. Hatt bitt Eenzel- a Gruppesessiounen am sougenannte "Waldbaden" un. Et geet hei net just drëm, duerch de Bësch ze spadséieren, mä sech mat alle Sënner ganz bewosst op de Bësch ze konzentréieren an dobäi net mat de Gedanken an d’Zukunft oder d’Vergaangenheet ofzeschwäifen.

"Ganz vill Leit gi mam Hond spadséieren oder se gi mat engem spadséieren an da gëtt geschwat an oft mierkt ee mol net, wéi staark ee sech vun de Gedanke matzéie léisst. A ganz vill Leit, wann ech mat hinnen duerch de Bësch ginn, soen, dat hunn ech nach ni gemierkt. An dobäi sinn dat Leit, déi vill am Bësch sinn. Also et geet drëm, sech komplett op de Bësch anzeloossen."

Eng méi klassesch Lifecoaching-Approche ass déi vum sougenannten NLP, dem neurolinguistesche Programméieren. Hei geet et ëm d’Analys an d’Adaptéiere vum Sproochgebrauch. De Coach probéiert mat deene richteg Froen nei Perspektiven ze ginn an esou zesumme mam Client seng Ziler erauszeschielen, wéi d’Lifecoach Nathalie Schmit erkläert. Et ass wär awer wichteg ze verstoen, dass et och Grenze vum Lifecoaching gëtt.

”Alles, wat Sucht oder Abus ass, wat méi déif geet, wou d Hëllef vu Psychiater oder Psychotherapeute geet, alles wat a Richtung Depressioune geet, huet näischt mat Coaching ze dinn. Dat kann natierlech begleedend sinn, mä do froen ech ëmmer no, wéi et scho behandelt gëtt etc. Et ass ganz wichteg, dass een dat trennt.”