Am Kader vun eiser neier Serie iwwer Benevollen, stelle mir Iech dës Kéier d'Geschicht vum Marc Faber a senger Associatioun Eesebuerer Duerffrënn vir.

Viru knapp 10 Joer ass de Marc Faber vun der Stad an dat klengt Eesebuer geplënnert. Zanterhier huet sech d'Liewen am Duerf verännert.

Eesebuer gehéiert zur Gemeng Jonglënster an huet knapp méi wéi 200 Awunner. An dach hu sech do viru ronn 10 Joer eng Rei Noperen net kannt. Wéi de forméierte Psycholog an Asti-Mataarbechter Marc Faber dohi geplënnert ass, wollt hien d'Leit, déi bei him an der Strooss wunnen, awer kenneléieren.

Aus enger klenger Wëllkomm-Party am Marc Faber sengem Gaart ass an de Joren drop e Summerfest ginn. Dëst an nach weider Aktivitéite ginn zanterhier vun der Associatioun Eesebuerer Duerffrënn organiséiert.

Serie "Am Asaz fir d'Gesellschaft"

Deel 1: De Portrait vum Paul Prussen vun der Asti