D'Rous mam Numm „Prince Guillaume, Grand-Duc héritier de Luxembourg“ gouf e Mëttwoch ageweit, mat Waasser aus der Péitruss.
D'asbl "Patrimoine Roses pour le Luxembourg" huet dat ganzt organiséiert am Kader vum 40. Gebuertsdag vum Ierfgroussherzog am November. Déi Rous, esou heescht et am offizielle Communiqué, bléid vu Juni u bis et da fréiert. Den Doft vun der Rous, heescht et weider, wier ee ganz equilibréierten, eng Mëschung tëscht aler Rous a Myrrhe.
Eng 20 Rouse si mëttlerweil no Membere vun der Famille Grand-ducale benannt, eng Traditioun déi et zanter 1891 gëtt.
De Grand-Duc Adolphe vu Lëtzebuerg war schonn deemools e groussen Amateur vu Rousen an ass zu senger Zäit reegelméisseg bei d'Rousenziichter op de Lampertsbierg komm.