8 Joer ale Jong schmuggelt selwer geschriwwent Buch a Bibliothéik
Et muss een net erwuesse sinn, fir an der Literatur-Welt grouss erauszekommen. E Kand aus Idaho begeeschtert Grouss a Kleng mat senger Kreativitéit.
Mam Saz "ONE Day in wintertr it wus Crismis" fänkt d'Buch vum Dillon Helbig un. E Buch, dat e jonke Schüler aus den USA geschriwwen huet. 88 Säiten ass d'Geschicht laang. Se handelt vun engem Stär op engem Chrëschtbeemchen, deen explodéiert. Doropshi gëtt de Protagonist an d'Vergaangenheet transportéiert. Eng originell Aventure, déi net nëmme bei senge Matschüler gutt ukënnt.
Den Auteur, dee sech selwer "Dillon His Self" nennt, huet véier Deeg gebraucht, fir d'Geschicht néierzeschreiwen. Säi Wierk wollt hien awer net just senge Eltere weisen, mä och mat senge Matmënschen deelen. Dowéinst huet hie sech kuerzerhand entscheet, "Dillon Helbig's Christmas tale" an e Regal vun der ëffentlecher Bibliothéik nieft Belletristik-Wierker ze stellen. Dat huet seng Mamm allerdéngs net sou gutt fonnt, si wollt hirem Bouf seng Geschicht nees zeréck hunn. D'Bibliothekäre wollten den 8 Joer ale Jong allerdéngs dobäi ënnerstëtzen, seng Chrëschtdagsgeschicht ënner d'Leit ze kréien, och wa vill Schreiffeeler dra stinn. Hie verdéngt eng Plaz an eise Regaler, sou de Leeder vun der Bibliothéik. Mëttlerweil gouf "Dillon Helbig's Christmas tale" am System opgeholl an ass nieft anere Graphic Novels ze fannen.
Wéi grouss den Interessi u sengem Meeschterwierk ass, weist d'Waardelëscht an der Bibliothéik. 56 Leit hu sech schonn drop setze gelooss a kënnen et kaum erwaarden, a sengem Buch ze bliederen a gewuer ze ginn, wat de Protagonist alles erlieft. An domat net genuch: éischt Verlager hunn d'Bibliothéik kontaktéiert, fir dem Dillon seng Geschicht offiziell erauszebréngen.
Zanter sengem fënnefte Gebuertsdag schreift de Schüler "Bicher am Comic-Stil", huet seng Mamm am Gespréich mat der New York Times verroden. An domat wëll hien och weidermaachen. Säin nächst Buch "The Jacket-Eating Closet" ass schonn an der Maach.