Am Kader vum Vëlosweekend am Däich zu Ettelbréck ginn et de ganze Weekend flott Aktivitéiten op an nieft dem Vëlo.

Och d'École Privée Sainte-Anne huet an deem Kontext e Vëlosdag fir hir Schülerinnen organiséiert. Als Sportsproff war d'Stéphanie Reiter mat fir d'Organisatioun responsabel.

Och d'Vëlosfederatioun war frou, fir eng Hand mat unzepaken a sou hunn ënnert anerem de Fränk Schleck an d'Suzie Godart bei den Aktivitéiten hir Erfarung weider ginn. Op engem Deel vum Parcours kruten d'Meedercher eng Iddi wéi et ass, am Terrain ze fueren an dobanne gouf un der Technik gefeilt an en Atelier fir Reperature proposéiert.

Och de Vicky Gomez konnt mat senger Technik um BMX begeeschteren. Ënnert anerem ginn et awer och nach Courssë fir déi Jonk, eng Randonnée mam Frank Schleck an nach vill aner flott Animatioune fir grouss a kleng.