Am Kader vun Esch 2022 hëlt de Minetttrail Iech mat op eng Rees duerch eise Minett ganzer 90 Kilometer an dat duerch 11 Gemengen am Süde vun eisem Land.

Et gëtt awer dëst Joer eppes Neies an zwar huet een d'Méiglechkeet, op 11 verschidde Plazen och ze iwwernuechten, ganz aussergewéinlech Kabaisercher, Schlofméiglechkeeten, déi et bis ewell nach ni gouf. Ob Fond-de-Gras, Lénger, Zowaasch, Bieles, Biergem, Schëffleng, Esch, Téiteng, Diddeleng oder Rëmeleng, all si bidden dëst Joer am Summer eng aussergewéinlech Iwwernuechtungsméiglechkeet un.

Den Direkter Frédéric Humbel am Fond-de-Gras huet ons mat op de Chantier geholl vun der Schlofméiglechkeet, déi sech am Juli bei hinnen ubitt. Wie schonn eng Kéier hei war, ka sech bestëmmt un deen een oder aneren Zuch erënneren, esou war d'Decisioun och séier getraff, hir Kabaischen, wäert an engem Zuchwaggon sinn.

Esou fënnt een deemnächst an deem Waggon vun 1939 eng Sauna, dräi duebel Schlofkummeren, eng Toilette, an eng Dusch, ouni d'Terrasse ze vergiessen: Schonn al ewéi e klengen Hotel.

Den Ament gëtt nach fläisseg um Waggon geschafft, eng ganz Ekipp ass am Asaz, fir dass de Public am Juli dovunner profitéiere kann. Aktuell ass seng Plaz awer nach net definitiv, e soll awer an d'Gemeng Péiteng stoe kommen.

Eisen nächsten Halt ass an där Gemeng, déi geographesch dann als lescht Statioun a Fro kënnt, an zwar Beetebuerg, och hei sinn d'Aarbechten nach am gaangen, hei wäert een herno d'Méiglechkeet hunn, fir an där aler Entrée vum Beetebuerger Park kënnen ze iwwernuechten. De Marc Neu këmmert sech Dag a Nuecht ëm de Chantier a freet sech elo schonn op d'Resultat. Eng Kummer fir eng ganz Famill, d'Kanner kënnen esouguer herno an den Tuerm klammen, Netzer suerge fir déi néideg Sécherheet.

Mam Gîte insolite oder Kabaisercher, wéi den Numm et schonns seet, kënne mer eis op eppes freeën, wat et bis ewell nach net zu Lëtzebuerg gouf. Ob exotesch, um Waasser, an der aler Schoul zu Lénger, am Waasserbaseng zu Schëffleng oder am ale Büro vun der Arbed zu Téiteng, spéitstens am Summer kann een dann emol aneschters iwwernuechten an dat um Minetttrail 2022. De Beetebuerger Park mécht iwwregens seng Dieren elo de Samschden de 26. Mäerz 2022 nees op, an och do waarden op Iech, déi eng oder aner Neiegkeeten.