Vu lo u kann ee wärend dem Fluch ouni Connectioun ënner anerem den RTL Play, Filmer, Noriichten, animéiert Programmer, Spiller oder Broschüre suivéieren.

An Zesummenaarbecht mat RTL huet d'Lëtzebuerger Fluchgesellschaft Luxair eng nei Bordënnerhalungsplattform lancéiert. Dorop fënnt een eng flott Auswiel fir Grouss a Kleng mat gratis audiovisuellem Contenue, dee souwuel um Handy, um Tablet oder um Laptop accessibel ass.

D'Wifi-Plattform ass aktuell a 4 Boeingen disponibel, soll awer schrëttweis och an den anere Fligere verfügbar ginn. Op 3 Sproochen - Franséisch, Däitsch an Englesch - kann ee sech als Passagéier mat sengem Apparat mat Hëllef vum PAP-System connectéieren.