De permakulturelle Gemeinschaftsgaart Luusshaff zu Schrondweiler ass ee Begéignungsuert fir Grouss a Kleng, dee ganz am Aklang mat der Natur funktionéiert.

Serie Permakultur (3): Luusshaff / Rep. Julie Mathes

De Gast an d'Tania hunn dëse Projet an d'Liewe geruff. Et ass domat ugaangen, dass d'Tania dem Gast gesot huet: "So, mir musse mol nees eppes als Koppel zesumme maachen!" Dunn hu se sech ugemellt, fir eng Permakultur-Formatioun zu Freiburg ze maachen an dat huet alles verännert. Si hunn hei gemierkt, dass se aus deenen iwwer dräi Hektar Wisen, déi se doheem haten, eppes kënnen entstoe loossen, wou d'Natur ee groussen Deel matschwätze kann a Mënsch, Déier a Planze sech begéine kënnen. Permakultur bedeit fir si Gemeinschaft an dat zeechent och de Projet zum groussen Deel aus, esou de Besëtzer Gast Reckinger.

"Dat éischt, wat mer gemaach hunn ass, dass mer ee Gemeinschaftsgaart ugeluecht hunn. Ee Gemeinschaftsgaart, wou 30 Parzelle sinn a wou dann och 70 aktiv Membere matschaffen. Déi lounen dann eng Parzell fir 50 Euro d'Joer an dat Geld kënnt an eng Kees, dat mer notze fir de Gaart. Esou hu mer eng Gemeinschaft entstoe gelooss, wat och de Schwéierpunkt vun eisem Projet ass, wou mer déi Leit ëmmer nees erëm begéinen. Dat ënner anerem duerch Formatiounen iwwert d'ganzt Joer, wou mer Leit komme loossen, déi dat ganzt Thema verdéiwen a wou mer alleguer kënne bäiléieren. Mir schaffen awer och zesummen an eise Parzelle, wou verschiddener och gemeinschaftlech sinn, et der awer och ginn, déi eenzel sinn. An esou ka jidderee bei deem anere léieren."

RTL

Permakultur Gaart / © Julie Mathes / RTL

D'Ethik vun der Permakultur begrenzt sech awer net eleng op de Gaart. Et zeechent dat ganzt Liewen um Haff aus. "Um Bauerenhaff ass och ee Konschtatelier, dee vum Gaby Didier a vum Nicole Huberty gefouert gëtt, wou och vill Course sinn a wou d'Leit och zesumme kommen, fir dat ze léieren. Da komme mer och zu eisem Bauerenhaff, dee mat vill Scheieren ëmginn ass, déi mer dann och opmaache fir d'Mënschen, dass déi erakomme kënnen an den Haff a kucke kënnen, wéi mir liewen. Mir liewen an enger Gemeinschaft. Do sinn dann eenzel Appartementer mat dobäi an déi Leit, déi da bei eis liewen, integréiere sech och am ganze Projet. Si hëllefe mat, fir dass alles um Liewe bleift. An esou hu mer am Fong e puer Generatiounen, déi bei eis liewen an dat ass fir eis immens schéin a wichteg, fir dee Kontakt mat de Leit ze hunn."

RTL

Konschtatelier / © Julie Mathes / RTL

De Projet ass vun Ufank un op grousse Succès gestouss an d'Leit aus der Gemeng, awer och ausserhalb, hu sech hei engagéiert an interesséiert. De Gast ass optimistesch, dass esou Projeten zu Lëtzebuerg sech ausbreeden, well bei hinne gesäit een, dass et un Interessi net feelt.

"Ech mengen et ass um Kommen. Et héiert een iwwerall, dass esou Projeten entstinn. D'Zäit ass räif, fir dass mer dat maachen an et erkennt ee bei eis ganz kloer, dass d'Leit interesséiert sinn, well wa mer eng Formatioun ubidden, ass dës direkt ausgebucht. Mir ginn iwwerlaf mat Ufroe, wat d'Leit alles wëlle wëssen a kenneléieren. Ech mengen dass d'Corona-Zäit, déi natierlech och vill Negatives mat sech bruecht huet, am Fong dat ganz positiv ënnerstëtzt huet. D'Leit hunn nees zu hire Wuerzele fonnt, zum Gaart fonnt an haten och d'Zäit, erëm am Gaart ze schaffen an deen ze ënnerhalen."

RTL

Design vum Luusshaff / © Gast Reckinger

Fir de Gast an d'Tania huet d'Konzept vu Permakultur si inspiréiert a motivéiert, ee klengt Paradäis ze kreéieren. A genau dat Gefill wëlle si weiderginn un d'Leit dobaussen.

"Fir eis ass Permakultur éischter ee Gefill an zwar, fir an der Gemeinsamkeet ze liewe mat der Natur a mam Mënsch, ouni, dass een ausgebeut gëtt. Esou dass de Mënsch een Deel der Natur gëtt an d'Natur gëtt och een Deel vum Mënsch. Nëmmen dann leeft dat am Aklang an dat mécht een einfach frou vu bannen."

Weider Informatiounen an Eventer um Luusshaff fannt Dir op Facebook ënnert Gast Reckinger (Permakultur um Luusshaff).