An eiser Serie Permakultur huele mer dës Woch den Term méi genee ënner d'Lupp.

Serie Permakultur (1): Wat ass Permakultur? / Rep. J. Mathes

Et ass e Begrëff, deen ee villäicht schonn héieren huet an awer net weess, wat genee domat gemengt ass. Den Term Permakultur kënnt aus dem Engleschen "permanent agriculture", iwwersat "permanent Landwirtschaft". Dësen Term ass vun den Australier David Holmgren a Bill Mollison an de Siwwenzeger Jore gepräägt ginn. Permakultur ass eng Approche, fir Landflächen esou ze gestalten, dass et méiglech ass dauerhaft Landwirtschaft ze bedreiwen, ouni de Buedem an d'Biodiversitéit ze zerstéieren. De Grondgedanke vun der Permakultur, ass, dass een d'Natur als Virbild hëlt, sech dorun orientéiert an esou Liewensmëttel produzéiert.

Fir dat Ganzt méi anschaulech ze maachen, huele mer als Beispill ee gesonde Bësch mat heemesche Planzen, wou déi ursprénglech Funktiounen nach erhale sinn. Hei bilden zum Beispill d'Bamkrounen den ieweschten Niveau. Dorënner fënnt ee kleng Beem a gréisser Hecken an een Niveau nach méi déif, fënnt ee méi kleng Hecken, Kraiderplanzen, Blummen a villes méi. An esou engem System ënnerstëtzen d'Planze sech géigesäiteg.

Et ass d'Villfalt vun de Funktiounen, déi e Bësch esou produktiv mécht. Vergläicht een dëse System mat engem Weessefeld, wou et just eng Zort Planz gëtt, ouni verschidden Niveauen an Aartevillfalt, sinn och all dës Funktiounen net present. Hei muss de Mënsch mat Buedembeaarbechtung, Pestiziden an Dünger behëllefen, fir d'Produktioun vum System ze garantéieren. Dëst féiert lues a lues dozou, dass eis Biedem u Fruchtbarkeet verléieren an dobäi manner resistent fir extrem Wiederverännerunge sinn. Wa mer awer d'Funktioune vum Bësch esou imitéiere kënnen, dass se eis Liewensmëttelproduktioun ënnerstëtzen, hu mer eng nohalteg Landwirtschaft, wou mer net méi Energie an e System erastieche musse wéi duerno erauskënnt a wou all d'Membere vun der Planzegemeinschaft matenee kooperéieren, fir esou de Maximum u Produktioun erauszekréien.

Vill Kritiker vun der Permakultur behaapten, dass een d'Produktioun vun der industrieller Landwirtschaft net mat der Approche vun der Permakultur erreeche kann. A sengem Buch Sacred Economics beweist den Charles Eisenstein awer de Géigendeel. Donieft ass dës Approche méi adaptatiounsfäeg an enger Zäit vu Klimawandel, Uelegpräisser déi schwanken, Waasserknappheet an internationale Muechtkämpf.

Kann also d'Permakultur och zu Lëtzebuerg eng lokal Léisung fir global Problemer sinn? Dëser Fro gi mer an der Serie vun dëser Woch no, andeems mer eis verschidde Projeten hei am Land ukucken, déi mat de Prinzippie vun der Permakultur schaffen. Donieft gesi mer och, wéi een dës Prinzippien an de Grondgedanke vun der Permakultur an anere Beräicher uwende kann.

Bicher-Recommandatiounen:

Permaculture: Principles and Pathways beyond Sustainability (David Holmgren)

Permaculture: A Designers' Manual (Bill Mollison)

Sacred Economics: Money, Gift, and Society in the Age of Transition (Charles Eisenstein)

Permakultur im Hausgarten: Handbuch zur Planung und Gestaltung mit vielen Beispielen (Jonas Gampe)

Sepp Holzers Permakultur: Praktische Anwendung für Garten, Obst- und Landwirtschaft (Sepp Holzer)