Dat ass d'Missioun vun TERRA um Eecherfeld, den éischte solidaresche Landwirtschaftsbetrib zu Lëtzebuerg.

Serie Permakultur (2): TERRA / Rep. Julie Mathes

Dat ass d'Missioun vun TERRA um Eecherfeld, den éischte solidaresche Landwirtschaftsbetrib zu Lëtzebuerg.

An der Ethik vun der Permakultur gëtt sech dacks um David Holmgren sengen 12 Prinzippien orientéiert. Den éischte Prinzip ass hei z'observéieren a sech mat senger Ëmgéigend auserneenzesetzen. Nëmmen esou kann een da Solutioune gestalten, déi Sënn maachen an nohalteg sinn. Dëse Prinzip spillt och bei TERRA eng Haaptroll, erkläert de Cofondateur Pit Reichert.

"Fir eis ass am Fong Permakultur eng Method, fir nohalteg Systemer z'entwerfen. Et ass net wierklech eng Ubaumethod fir eis, mee wierklech méi wéi mer eis organiséieren. Zum Beispill éier mer iergendeppes maachen, iwwerleeë mer eis firwat maache mer dat, fir dass mer eis net a klengen Detailer verléieren. Mir kucken eis fir d'éischt emol d'Gesamtbild un an da schaffe mer eis lues a lues un d'Detailer erun."

RTL

© Julie Mathes

Am Duerchschnëtt produzéiert d'Bio-Landwirtschaft ongeféier 20 Tonne Geméis pro Hektar Ubaufläch. Am Verglach produzéiert TERRA op engem hallwen Hektar Ubaufläch ronn 30 Tonne Geméis a ka sou 230 Familljen d'Woch beliwweren. Dat heescht prozentual dräimol méi. Dat Ganzt ouni maschinell Hëllef, mat minimaler bis kenger Buedembeaarbechtung an ouni Pestiziden oder chemeschem Dünger. Dës Method nennt sech "Bio-intensiv Landwirtschaft", mam Zil, alles sou no wéi méiglech beieneen ze planzen a sou d'Plaz optimal ze notzen. Dës Method ass net nëmme profitabel an nohalteg, mä och méi widderstandsfäeg an Zäite vu Klimawandel.

"Et muss ee soen, dass mer haaptsächlech Geméis ubauen an dat brauch einfach immens vill Waasser. Mir probéieren dat awer doduerch ze reduzéieren, dass mer spuersam netzen a mir probéieren, d'Liewen an eisem Buedem wierklech unzespornen, fir dass vill Liewen am Buedem ass, well et ass dat, wat d'Fiichtegkeet hält. Mir hunn och tëscht eise Felder Beem stoen. Déi maachen och e bësse Schied an dat hëlleft och Fiichtegkeet ze halen. Mä et ass jo net nëmmen, dass d'Klima méi waarm gëtt, mä d'Klima verännert sech och. D'lescht Joer hate mer ze vill Reen an do war et eben och well mer ee gesonde Buedem haten, dass deen d'Fiichtegkeet besser hale konnt."

RTL

© Julie Mathes

Ass et da machbar, dës Method zu Lëtzebuerg ze verbreeden an domat eisen Defizit un Uebst a Geméis, dat hei am Land produzéiert gëtt, ze miniméieren?

"Dat kann ee maachen, awer nëmme wa vill méi Leit an der Landwirtschaft géife schaffen an déi aner Leit dann och bereet wären, de reelle Präis vum Uebst a Geméis ze bezuelen. Mä soulaang een als Landwirt net Staatsbeamten ass, kommen net vill Leit dohinner. Beamten ass einfach vill méi interessant vum Salaire hir a vun der Aarbechtslaascht. Et ass eng Kombinatioun vun deene Saachen, déi et schwéier maachen, fir vill Leit do ran ze kréien. An da grouss Familljebetriber lafe scho méi laang an hunn hir Konventiounen, do geet dat méi einfach, mä fir Quereinsteiger ass et immens schwéier."

Dobäi sinn d'Haaptbarrièren, fir dës Approche méi duerchsetzen ze kënnen, administrativ Barrièren, erkläert de Pit Reichert weider. Obwuel si als Betrib ouni Staatshëllefen oder aner Subside funktionéieren, huelen déi administrativ Aufgaben immens vill Zäit an Usproch.

RTL

© Julie Mathes

Fest steet, dass TERRA een inspiréierend Beispill ass, wéi d'Prinzippie vun der Permakultur an ee Betrib kënnen integréiert ginn, fir esou nohaltegt a frëscht Uebst a Geméis ze produzéieren an dobäi d'Leit erëm zesummen ze bréngen. Wéi een och op hirer Websäit liese kann: "TERRA ramène les aliments aux gens, et les gens à la terre."

Méi Informatiounen fannt dir op: https://fr.terra-coop.lu/