Wann Dir e Samschdeg nach näischt vir hutt, da recommandéiere mir Iech en Tierchen op Ettelbréck ze maachen.

Do ass et nämlech un der 4. Editioun vum Stackelser Intefest. Wat Iech hei alles erwaart, verrode mir Iech an eisem Summer-Agenda vun e Samschdeg.

Summer-Agenda: Stackelser Intefest zu Ettelbréck

D'Stackelser Intefest ass en Event fir déi ganz Famill. Ugefaange mam Konschthandwierkermaart an der Foussgängerzon am Zentrum vun Ettelbréck op deem een eng 90 Stänn mat deene verschiddenste Saache fënnt. Ma och op der Däichwiss ass e Samschdeg vun 10 Auer un eng weider lass, dat haaptsächlech fir déi Kleng. Henri Scholtes, President vun der Amicale vun den Ettelbrécker Pompjeën déi dat Ganzt organiséieren:

"Mir hu fir d'Kanner eng Partie Saachen do wéi zum Beispill d'Iesele vun der Ferme pédagogique "Om Béchel" sou wéi Ponye Sandrine's Pony Express, wou d'Kanner natierlech och kënnen upaken an deementspriechend bëssi interessant Informatiounen zu de Päerd respektiv den Iesele kréien. Da fanne mer och Facepainting um Site, Intefëschen an enger Intebud, Sprangschlässer, en Trampolin, wou d'Kanner e bëssi méi héich kënne sprangen, a Modellballonen, déi um Däich da kënnen opgelooss ginn."

Hei gëtt et dann och direkt an e puer Zelter eppes fir de Mo ze stäipen, ënnert anerem Paschtéit mat Räis an Zalot op Reservatioun, sou wéi och e bëssi Animatioun:

"An deenen Zelter ass dann och vun 11.30 Auer bis 16 Auer nomëttes Animatioun mam Lisa Mariotto wat Musek a mat de Leit e puer Spiller mécht."

Donieft kann een awer och nach säi Feierläscher kontrolléiere loossen. Nomëttes dann hunn déi giel Intercher hire groussen Optrëtt:

"Um 16 Auer start d'Intecourse, do loosse mer vun engem gréissere Kran d'Inten an d'Waasser, 3.000 Inte ginn do eragehäit bei der Foussgängerbréck an déi ginn déi am Waasser bis erof hannert d'Eisebunnsbréck an da wou dann d'Zil ass. Déi ganzen Zäit gi se mat der Ettelbrécker Musek begleet fir e bëssi Animatioun ze maachen."

Dir kënnt Iech dann och nach séier Är Int kafen, fir se mat an d'Course ze schécken an dat geet online. Een Deel vum Erléis vum Verkaf vun den Inte geet iwwregens un d'Fondatioun vun den Ettelbrécker Pompjeeën, déi mat deene Suen Donen u verschidden Hëllefsorganisatioune maachen.

Um Internetsite vun der Amicale vun de Pompjeeë vun Ettelbréck fannt Dir all d'Detailer mat enger Kaart wou wat lass ass.

All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:

Den Tipp vun e Méindeg:Sudstroum Escher Kulturlaf

Den Tipp vun en Dënschdeg:Erzielwanderung zu Lëlz: Natur, Skulpturen a Geschichten

Den Tipp vun e Mëttwoch:Kino beim Schlass zu Suessem

Den Tipp vun en Donneschdeg:Maart a Musek zu Wolz

Den Tipp vun e Freideg:"En Dag bei der Baach" zu Stengefort