A Groussbritannien kënne sech d'Fans geschwënn op speziell Timbere vun der Girlband "Spice Girls" freeën.

Mat dëser Aktioun soll un d'Grënnung vun der Girlgroup viru mëttlerweil schonn 30 Joer erënnert ginn. Ënnert anerem mat Lidder wéi "Wannabe", "Stopp", oder "Mama" war d'Formatioun an den 90er Joren déi wuel gréisste Girlband iwwerhaapt, huet deelweis souguer d'Enn vun den 90er an d'Ufank 2000er musikalesch staark mat gepräägt.

D'Motiver weisen d'Emma Bunton, d'Victoria Beckham, d'Geri Halliwell-Horner, d'Melanie Chisholm an d'Melanie Brown bei fréieren Optrëtter. Majo déi 10 ënnerschiddlech Timbere weisen net nëmmen Optrëtter aus de Joren 1997 bis 2012, ma och eenzel Motiver vun de fënnef Musekerinnen.