Iwwer Wochen hu se eis Stuff gerëscht. Ma wat geschitt eigentlech mat eise Chrëschtbeemercher, wa se net méi an onser Stuff stinn?

Wa se bis am Depot beim ale Schluechthaus zu Hollerech landen, hu se et bal gepackt. Bis dohin hu se awer schonn e laange Wee hannert sech.

Mir hunn eis ugekuckt, wat bei der Stad Lëtzebuerg mat eisen ale Chrëschtbeemercher passéiert a verroden Iech, wat hire leschten Asaz ass.