
De Michael Mendl war ee vun de markantsten däitsche Schauspiller vu senger Generatioun. Mat senger déiwer Stëmm a senger imposanter Präsenz huet hien iwwer Joerzéngten eng Rei vu bedeitende Rollen am Film an am Fernsee gespillt, ënner anerem am Kinohit "Der Untergang", an der Netflix-Serie "Dark "oder als fréieren däitsche Bundeskanzler Willy Brandt am Fernsehfilm "Im Schatten der Macht". Fir dës Leeschtung krut hien 2004 eng "Goldene Kamera".
Ville Leit dierft hien och aus sëllege Gaaschtoptrëtter an der beléifter Serie "Tatort" bekannt sinn.
De Schauspiller ass am Alter vun 82 Joer gestuerwen. E wier "friddlech ageschlof", heescht et an der Meldung vu senger Agentin.