Pomponen, haart Sangen, knapp Outfits an hir Ekipp ufeieren – sou stellen déi meeschte Leit sech Cheerleading vir.

Wat een aus amerikanesche Filmer kennt, ass do och an de meeschte Lycéeën an Unie Realitéit, ma et ginn awer och Cheerleader, déi richtegen Leeschtungssport bedreiwen a wou et ëm Akrobatik, Turnen a Gläichgewiicht geet.

D'Sweet Devils vum Escher Turnveräin Esperance war déi éischt Cheerleading-Ekipp hei am Land a si hunn et wäit gepackt. Am Mee fuere si op d'Clubweltmeeschterschaften a Florida an den USA.

Dofir gëtt den Ament och fläisseg trainéiert. Ob Stunts, Baskets, oder Pyramiden – alles dat sinn Elementer a Figuren am Cheerleading. A bis de Mee muss alles sëtzen. Bei 23 Cheerleader, déi bei de Sweet Devils dobäi sinn an zesummen hir Routine üben, muss een zesummenhalen a jiddereen ee fir deen aneren do sinn, fir dass herno Timing an Ausféierung perfekt passen.

E gréissere Grupp an d'USA ze kréien, kënnt nach dobäi. Dat ass nawell eng grouss finanziell Erausfuerderung an et rechent ee mat 80.000 Euro. Fir déi Zomm opzedreiwen, huet de Club en Opruff gestart op gofundme.com.