E Méindeg den Owend goufen nees dräi Dronen an der Géigend vum Findel gemellt. D'Luxair gouf géint 21:40 Auer informéiert. Doropshin ass déi gemeinsam Sécherheetsprozedur ausgeléist an de Flughafen temporär zougemaach ginn. Vun 21:40 bis 22:30 Auer, also eng gutt Dräivéierelsstonn, ass kee Fliger gestart oder gelant. Eng hallef Stonn no der leschter Detektioun gouf de Fluchbetrib dunn nees opgeholl.
Den Direkter vun den Operatioune bei der Luxair war e Méindeg um 7 Auer live am Interview op RTL Radio Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend hu keng Flich missten ëmgeleet ginn. Verschidde Fligere goufen awer bewosst méi lues op Lëtzebuerg dirigéiert, fir d'Konsequenze vum forcéierte Fluch-Stopp ze minimiséieren. De gréisste Retard louch bei ronn enger Stonn.
Eréischt e Freideg haten 19 Flich a Richtung Findel, dorënner 17 vun der Luxair, missen op aner Fluchhäfen ëmgeleet ginn. Dat och wéinst enger temporärer Spärung vum Fluchhafen no enger net autoriséierter Dronenaktivitéit. Den Daniel Colling, Direkter vun Operatioune bei der Luxair warnt virun de Konsequenzen, wa Flich komplett ëmgeleet musse ginn. Well Lëtzebuerg d’Homebase vun der Luxair ass, kënnen esou Situatioune grouss Perturbatioune fir d'Fluchgesellschaft an d'Passagéier mat sech bréngen, "well mer d'Fligere mussen nach heihinner kréien. Net ze schwätze vun deene Leit, déi dann owes bis zwou, dräi, véier Auer mussen op iergendengem Flughafen en Hotel fannen, respektiv heihinner mat anere Moyenen erëm zréck transportéiert ginn."
E Freideg hätten d'Käschten vun der Luxair no bei e puer honnertdausend Euro geleeën. Dat géing zimmlech séier goen.
Dem Daniel Colling no funktionéieren d'Detektioun an d'Kommunikatioun tëscht Luxair a Flughafen gutt. Verbesserungsméiglechkeete gesäit hien awer doran, wéi séier d'Drone-Gefor kann eliminéiert ginn. D'Problematik betrëfft net nëmmen de Findel. Och Fluchhäfe wéi Vilnius, Leipzig, Kopenhagen a Berlin hätten an der Vergaangenheet mat Dronen-Incidente ze kämpfe gehat. D'Fluchhäfe stinn domat international virun enger änlecher Erausfuerderung a mussen zesumme mat den nationalen Autoritéiten no Léisunge sichen.
Bei engem Point Press hat de Premier Luc Frieden jo e Samschdeg schonn de Lien mat de Dronen -Tëschefäll aus den Nopeschlänner gemaach a betount, dass d'Regierung d'Situatioun géing eescht huelen. Et wär een dann och a Kontakt mat der NATO, et géif ee sech mat Alliéierte Staate beroden. Et géing awer kee Grond ginn ze panikéieren.
Weider Artikelen zu den Drone-Virfäll um Findel: