De Christian Schmit war d’Lëtzebuergerin an de Peru besichen, an huet mat hir dat südamerikanescht Land op enger ofwiesslungsräicher Rees erlieft. Zu Cusco, der „historescher Haptstad“ vum Peru ass d’Mariette Wildgen elo doheem. Mat der Pensioun ass et definitiv eriwwer an de Peru gaangen, nodeems een dat Land um Pazifik mat enger Fläch esou grouss wéi Frankräich a Spuenien zesummen, dacks bereest hat. An hei läit och den Ursprong vun de Pläng fir auszewanderen?
Et war u sech net geplangt. Ech hunn ëmmer gären Trekking gemaach, iwerall an de Bierger, net nëmmen a Südamerika mee och op anere Plazen. Hunn ëmmer privat Treking gemaach fir land a Leit besser kennenzeléieren, an och Saachen ze gesinn déi méi wäit waren, an touristesch net verkaf si ginn, wëll si ze laang waren.
Do hunn ech mäi privat Guide, den Annibal kennegeléiert, jo an du huet de Blëtz ageschloen.
Di perfekt Virgab fir eng Rosamunde Pilcher Verfilmung, mee tatsächlich sinn den Annibal an d’Mariette eng Koppel a mëttlerweil bestuet.
Jo et ass wierklech e bësschen den 08/15 vum Liebesroman, mee ganz echt!

A mat deenen zwee sollte mir d’Highlights vum Peru erliewen, vun der 14 Milliounen Metropole Lima bis erop op nobäi 5000m erop an d’Anden. Kruten den Titicacaséi gewisen, di faszinéierend Inka Kultur méi no bruecht, hu Cusco an d’Vallée sacrée kennen a schätze geléiert, a natierlech huet de Macchu Picchu am peruaneschen Dschungel net dierfe feelen op eiser Rees. Liewen am Peru, wéi ass dat?
Vill aneschter wéi an Europa, a speziell Lëtzebuerg. Et ass manner opgebaut. Si hunn zwar Staat, dee schafft zwar vill, awer et ass net esou vill wat dobäi erauskënnt wéi mir dat gewinnt sinn. Also mat enger europäescher Pei ass hei herrlech liewen. Op der anerer Säit sinn ech mir awer och ganz bewosst dass ganz vill Peruaner sinn déi um Minimum oder ënnert dem Minimum liewen. Souwisou ass de Problem dass 70 % vun de Leitan der Schattenwirtschaft beschäftegt sinn. Et gëtt zwar e Mindestloun, mee ob een dee kritt, ech mengen do muss e seler dofir kämpfen.
Tourist am Peru an Alldag, dat ass zweeerlee? Schéin, awer als Tourist och e bësschen oberflächleg, wëll et ass e jo nëmmen 3 Wochen do.
Wann een hei wunnt, jo da geet e moies op de Maart, dat ass immens schéin wëll et kritt e frësch Uebst a Geméis. Mee fir bis dohinner ze komme gesäit een dann ënnerwee ganz vill Hënn déi ronderëm lafen. Déi hu wuel en Doheem, mee ginn moies einfach erausgelooss, an da sinn si op der Strooss. A wann ech da mat méngem klengen Hond kommen, da muss ech deen op den Arm huelen fir en ze retten. Do seet och keen eppes…
„Viva el Peru“ ass vu wäitem ze liesen wou mir do um Hausbierg dem Mirador Cruz Moqo vun der Stad Cusco stinn, der neier Heemecht vum Mariette Wildgen. Mee hir Liblingsplaz ass eng aner?
Meng Liblingsplaz ass nach ëmmer do wou den Annibal an ech eis kennegeléiert hunn, dat ass den Ausangate, dat ass e relativ héijen, iwerhapt den héchste Bierg ronderëm Cusco. Ëmmer e bësschen ofgeléeen, och wann en an tëscht ëmmer méi erschloss gëtt. Et ass wëll an ofwiesslungsräich, jo dat ass fir eis ëmmer nach den Highlight.

An domat ass dann och kloer dass et eben et den UNESCO Patrimoine Publikumsmagnéit Macchu Picchu ass, firwat?
Dass einfach ze vill Leit. Pro Dag kommen eng 5000 Lewit déi mam Zuch kommen, da mam Bus eropfueren, an d’Visite maachen. An da ginn awer och nach eng Kéier plusminus 5000 Ticket’en verkaf un déi di mam Inka Trail erop kommen, fir e Site deen esou fragil ass am Endeffekt. Ass einfach total Ausbeutung, an dat ass eigentlech e Mord um Macchu Picchu.
Mir haten et héieren, de Peru esou grouss wéi Frankräich a Spuenien zesummen, do musse scho laang Strecken mam Fliger zeréck geluegt ginn, oder mam Iwerlandbus iwwr d’Nuecht. An do ass da vu Steeschlag bis Déiere vum Küler alles dobäi.
Et sinn och vill Lächer an der Strooss, dat gëtt och net onbedéngt regelméisseg gefléckt. De Foussgängersträife gëtt et zwar, mee d’Gemeng vergësst och deen ze erneieren, oder nei ze molen. D’Autofuerer kënnen deen och nëmme bedéngt, genee wéi rout eng Saach vun Interpretatioun ass. Et ass e bëssche méi abenteuerléch, jo. Deen décksten Auto huet Virfaart. De Camion natierlech nach méi, mat deem leet e sech am beschte net un.

An awer erstaunlech wéineg Accidenter?
Jo relativ wéineg Accidenter, wëll wéi e Kolleg vu mir seet, d’Peruaner poche net esou op hirem Recht. Wa si mierken deen do gëtt elo net no, da gi si no, eppes wat e bei eis zu Lëtzebuerg e bëssche manner am Blut huet
E Fürerschäin ass eigentlech obligatoresch, eigentlech…
Allerdéngs all di Leit di um Land wunnen kréien plus ou moins wéi soll e soen, gracieusement dann och e Führerschein irgendwann, mee hunn awer keng Ahnung vun de Normen déi gëllen a fueren deementspriechend. Vill vun deenen déi um Land wunnen, siche nach ëmmer hirt Gléck an der Stad, a kommen da mat hire rabbelkëschten déi mat guddem Wëlle nach zesummenhalen a fueren Taxi do, awer esou wéi wa si nach um Land wären.
An op di klassesch Fro wat ee vermësst kënnt spontan?
Also Kachkéis net. Eigentlech wat mir feelt ass mat de Frënn erausgoen.
Frënn a Famill éischter, a well dem Mariette Wildgen seng Mamm nach lieft, kënnt een da scho mol zeréck an de Grand-Duché.