Lukas Grevis, Chris Harms, Christian Goergen a Max Asselborn
Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm een Debutfilm um Luxfilmfest, Dark-Rock, eng Nuetskavalkad an en Trompettist.
De Lukas Grevis huet dëse Freideg säin Film "d'Land am Schiet' an der Cinemathéik um LuxFilmFest virgestallt. Et ass säin Debutfilm iwwer Radikaliséierung am ländlechen Raum. Scho mat 14 Joer huet hie sech op Tournagen erëmgedriwwen a mat 17 Joer huet hien de Film 'No der Schoul' an der Serie 'rout, wäiss, gro' produzéiert. De Lukas huet op der 'Sarajevo Film Academy' studéiert, lieft elo zu Wien a schafft un der Postproduktioun vu sengem éischten Roadmovie, deen 2025 erauskomme soll.

De Chris Harms vu 'Lord of the Lost' ass den 3. Abrëll mat Band am Atelier. 15 Joer gëtt et déi däitsch Dark-Rock-Band schonn, dat sinn 500 Showen a 40 Länner an 8 Studioalbumen. Op 3 Placken hu se mat engem Orchester zesummegespillt a 60 Videoe sinn an all de Joren zesummekomm. An och den Ausfluch fir Däitschland beim 'Eurovision Song Contest' ze representéieren, huet hinnen näischt geschuet. Ob am Concertssall oder um Festival d'Fans si begeeschtert, an um 'Wacken Open Air' stounge si souguer mam Blümchen zesummen op der Bün. www.atelier.lu

De Christian Goergen freet sech op d'Nuetskavalkad muer um 18h11 zu Waasserbëlleg. Et ass déi 18. Editioun a bewonnere kann een 51 Fuesgruppen. Ze Fouss mat engem Instrument oder op engem Won geet et déi 1.800m duerch Waasserbëlleg. 'Bëlleg am Jumm' bedeit 1.500kg Séissegkeeten, 2.000 Bretzelen an 1.000l Wäin. Vun 1948 bis 1964 war 17 mol eng Kavalkad op Halleffaaschten zu Waasserbëlleg. 2004 ass d'Traditioun nees opgegraff ginn a fir sech vu Réimech, Péiteng, Esch, Dikrech a Schëffleng z'ënnerscheeden, fält hei d'Kavalkad an den Owend. www.bratzelgecken.lu

Den Trompettist Max Asselborn spillt e Mëttwoch um 19h30 an der Philharmonie an der Stad. De schwedesche Radio-Symphonieorchester ass de Moment op Tournée a spillt bis de 15. Mäerz a ville grousse Stied wéi Budapest, Wien, München a Luzern, an dëse Freideg sinn d'Museker fir e Concert an der Elbphilharmonie. Den Orchester steet ënner der Direktioun vum Daniel Harding, um Piano den Alexandre Kantorow an de Programm heescht: Beethoven & Zarathustra» www.philharmonie.lu
