Passend fir de FréijoersufankDe Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher krut e Relooking

Philippe Dondelinger
E Mëttwoch huet d'Fréijoer ugefaangen a mat der Sonn an den héijen Temperature kommen ëmmer méi Bléien eraus.
Passend fir de Fréijoersufank
De Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher mécht seng Dieren nees op.

An déi zéien natierlech och Päiperleken un. Wann een déi Déiercher schéi fënnt, sech awer net wëll op d’Lauer leeë fir der vill ze gesinn, da kann een op Gréiwemaacher an de Päiperleksgaart goen. Awer net déi lescht puer Méint. Do war zou.

Aus guddem Grond. De Päiperleksgaart krut e Relooking, an dofir hu mer de Philippe Dondelinger dohinner geschéckt fir sech dat unzekucken.

Back to Top
CIM LOGO