De Weekend huet de Steampunk Maart a Festival zu Schëffleng e puer Honnert Leit ugezunn.

Steampunk Maart a Festival zu Schëffleng - Wann een hei dran ass, ass een et richteg. Den Ufank vum 20. Joerhonnert lieft an erlieft een hei. Biller, wéi ee se, wat d'Garderob ugeet, och aus engem Western kennt. Hei gëtt déi Vergaangenheet net just gespillt, an an dësem konkrete Fall bitt dat wat Minett war, déi perfekt Kuliss – virun allem déi vum Schëfflenger Pompelhaus.

Wäit iwwer 700 Leit wiere gezielt ginn. A well och déi Gemengeresponsabel begeeschtert gewiescht wieren, hofft d'Organisatioun, dass de Steampunk Market and Festival och d'nächst Joer erëm bei d'Pompelhaus dierf kommen.