Et huet ee sécher schonn emol Biller dovu gesinn, mee déi mannst hu bis ewell perséinlech dierfen doduerch trëppelen.

Rieds geet vum Park vum Schlass zu Bierg, der Haaptresidenz vun der groussherzoglecher Koppel. Am Kader vun der 5. Editioun vun den "Rendez-Vous aux jardins" war de Public dëse Weekend invitéiert, e Bléck hannert d'Maueren ze geheien. D'Ticketen, fir un de guidéierte Visitten duerch de royale Gaart deelzehuelen, ware ganz séier vergraff. Déi Leit, déi sech eng Plaz ergattere konnten, ware méi wéi begeeschtert vum Park op Schlass Bierg.

D'"Rendez-Vous aux jardins" goufen 2018 vun engem europäesche Reseau an d'Liewe geruff. 2023 hunn iwwer 3.000 Gäert a 25 Länner an Europa matgemaach. Dëse Weekend haten zu Lëtzebuerg insgesamt 50 Parken a Gäert uechter d'Land hir Diere fir Visiteuren opgemaach. Mat dobäi waren zum Beispill och de Rousegaart vum Mënsbecher Schlass oder de Peppenger Klouschtergaart. Op verschidde Plaze goufen tëscht faarwege Blummen a Planze Yoga-Sessiounen, Concerten oder Fester organiséiert. Gäert a Parke wiere Sitte vun der Memoire an der Meditatioun, esou huet et de Kulturministère beschriwwen. Se wieren eng Ressource fir d'Erneiere vum Planéit.