Wat flitt a krabbelt elo bei eis?Eng Insektewelt am Wandel

Michèle Schons
Net nëmmen d'Temperature klammen, och an eiser Insektewelt deet sech eppes. Verschidden Aarte si bei eis nei dobäikomm, anerer hu sech duerch déi méi waarm Summeren a méi mëll Wanteren ausgebreet.
© pexels

Eng Insektewelt am Wandel

Déi eng freeë sech iwwer waarm Summerdeeg, fir déi aner bedeit dat awer och méi ongebiede Gäscht. Vill Leit hunn dëst Joer den Androck, datt et méi Moustiquen, méi Zecken oder aner Insekten gëtt wéi nach virun e puer Joer. Mä ass dat wierklech esou? A wéi staark verännert sech d'Insektewelt zu Lëtzebuerg? D'Lieke Mevis vun Natur&Ëmwelt:

Et gëtt e puer Beispiller vun Aarten, déi einfach duerch de Klimawandel eropgeréckelt sinn, also méi wäit an den Norden sech ausgebreet hunn, déi mer fréier net hei haten, zum Beispill d' Gottesanbeeterin an d' Feuerlibelle oder eeben den Eicheprozessiounsspinner, deen ass méi heefeg ginn. An dat ass gréisstendeels einfach doduerch bedéngt, datt mer Klimawandel hunn, dat heescht d'Wantere si méi douce an d'Summer gi méi laang a méi dréchen an dat si verschidden Aarten, grad bei den Insekten, déi sech elo an eise Regioune méi wuel spieren.

Net all Verännerung huet nëmme mam Wieder ze dinn. Nieft méi waarme Summeren a méi mëlle Wantere spillen och d'Globaliséierung an den internationale Wuereverkéier eng Roll. Doduerch fanne verschidden Aarten de Wee bis bei eis a kënnen sech ënner gënschtege Konditiounen och usidelen.

Wat een och net dierf ënnerschätzen ass, dat ass eng Wiesselwierkung. Dat heescht engersäits hu mer de Klimawandel, mer hunn awer och anerersäits eng Biodiversitéit, déi relativ schlecht do steet am Moment. Am Moment net nëmmen duerch de Klimawandel, mee och duerch déi mënschlech Aktivitéit. An en Ekosystem, dee geschwächt ass, ass natierlech och méi ufälleg fir esou Invasivaarten, déi dann, wa se op en Ekosystem treffen, wou se wéineg Konkurrenz hunn, sech extreem gutt kënnen ausbreeden.

Déi nei Entwécklungen hunn awer net nëmme Konsequenze fir d'Insekten selwer. Wann Aarte bäikommen oder aner verschwannen, kann dat och en Afloss op d'Natur hunn. Villercher, Fliedermais oder aner Déieren, déi op Insekte ugewise sinn, spiere sou Verännerunge mat der Zäit och.

Ee Beispill, dat ass zwar elo net den natierlechen Ecosystem, mee wou mir et relativ gutt dokumentéiert hunn, ass déi asiatesch Runn, déi eebe massiv un d'Hunnegbeie geet, an et ass aus deem Grond relativ gutt dokumentéiert, well d'Hunnegbei natierlech vun de Mënsche gehale gëtt, an do fält et eis direkt op wann do d'Zuele sech änneren oder wann do e méi héije Predatiounsdrock ass.

D'Insektewelt bleift also a Beweegung. Wëssenschaftler observéieren dës Entwécklung genee, fir besser kënnen anzeschätzen, wéi sech d'Natur an de kommende Jore weider verännere wäert.

Back to Top
CIM LOGO