De ganzen Dag vum Virowend vum Nationalfeierdag konnt ee sech dëst Joer och op enger méi aussergewéinlecher Platz a Partystëmmung bréngen. An zwar am Tram.

Véier kreativ Käpp hu vu Luxtram d'Erlabnes kritt, d’Passagéier mat Musek z'ënnerhalen, déi ee soss nëmmen an de Stater Clubben héiert. Mir waren derbäi fir mat z'erliewen, wéi dëst innovatiivt Konzept bei de Passagéier ukoum.