
Um Site vun EPI (European Payments Initiative), dem Bedreiwer vu Wero, sinn 42 Banken opgelëscht.
Ma wéi installéiert een d'App? Am Appstore vun Apple ass d'App nach net bei jidderengem ganz uewen opgelëscht. Vu datt schonn Applikatioune mam selwechten oder änlechen Numm opdauchen, sollt een oppassen, déi richteg auszewielen. Déi mat der gieler Ikon an dem offizielle "Wero"-Schrëftzuch.
No der Installatioun gëtt ee gefrot, op wéi enger Bank de Konto ass, deen ee verbanne wëll. Hei sicht ee sech dann aus der Lëscht seng Bank aus. Et kann een dann och verschidde Konte bei verschiddene Banke mat senger App verbannen.
Doropshi gëtt een a seng respektiv Webbanking-App weidergeleet, wou een d'Connectioun mat Wero akzeptéiere muss.
Am eegene Versuch mat engem Kont vun der BIL gouf een op der Android-App direkt vu Wero op d'App vun der BIL redirigéiert, wou ee sech huet mussen identifizéieren, fir dann op eng Säit ze kommen, wou ee säin Accord muss ginn, dass ee säi Kont mat Wero wëll verbannen. Hei ass dann och eng Luxtrust-Identifizéierung néideg. Wat bei engem weidere Selbsttest an eiser Redaktioun opgefall ass, dës Kéier bei Konte vun der Spuerkeess: D'Authentifizéierung iwwer LuxTrust war bei verschiddene Leit noutwenneg, bei aneren net.
Wann ee méi Konte mat senger App verlinkt, kann een da bei engem Paiement wielen, vu wéi engem Kont dat soll geschéien. Fir den Destinatär auszewielen, muss een der App den Zougrëff op seng Kontakter erlaben. Hei kann een dann och just deene Kontakter Sue schécken, oder der ufroen, déi d'Wero-App schonn aktivéiert hunn. Interaktioune mat User, déi nach ëmmer Payconiq notzen, ass iwwer Wero net méiglech. Enn September soll Payconiq da jo och definitiv verschwannen.
Fir eng Rei Banken zu Lëtzebuerg, déi Wero ubidden, hate mir divers Froen zur Integratioun vun der App an hirem Espace. Vun der Spuerkeess wollte mir beispillsweis wëssen, wat et domadder op sech huet, datt net bei jidderengem eng Authentifikatioun iwwer LuxTrust gefrot gëtt oder ob méiglecherweis geplangt ass, datt Wero, wéi och scho Payconiq, an der S-Net-Mobile-App integréiert gëtt. Hei huet een awer op d'Pressekonferenz e Mëttwoch vun der European Payments Initiative (EPI) verwisen, op där een all d'Froe beäntwere wéilt.