Sacha Bachim, Tom Wasmer, Jörg Hartmann an David Holbrechts
Am Live! Planet People geet et e Freideg ëm Psychotherapie, DJing, Comicken a Parkour.
De Sacha Bachim liwwert als Psychotherapeut Äntwerten op komplizéiert Froen aus dem Alldag. Nom Bestseller "Therapie To Go" schéisst hien d'Buch "Faktencheck Psyche" no. Mat Humor an där néideger Sensibilitéit beliicht den Auteur dat psychologescht Hallefwëssen a weist dem Lieser einfach Übunge fir den Alldag, mat deene mir eis entspaant duerch dee ganzen Dschungel u Mythe beweegen a méi geloosse liewe kënnen. Et léiert ee seng Gefiller verstoen, erkennt eegen Denkmuster a befreit sech virun den Erwaardungen, déi aner Leit un een hunn.
Den Tom Wasmer iwwerzeegt schonn zanter gutt 20 Joer säi Public als DJ WazToo. Am Film "20 Years WazToo - A journey into music" léiert een den DJ besser kennen a wéi et derzou koum, dass hien elo op de grousse Büne steet, wéi beispillsweis viru 15.000 Leit am Bootshaus zu Köln. Mat 5 Millioune Streams op Spotify sinn och seng eege Produktiounen, eng Mëschung aus Pop an Dance, vill gefrot. 2020 wärend der Coronapandemie huet hien déi gréisst virtuell Produktioun hei am Land gemaach, 2022 säin éischten eegene Video produzéiert an de ganze Summer gesäit een hien op ville Festivaller.
Den Illustrator Jörg Hartmann feiert de Weekend mat, bei den 30 Joer "BD Festival zu Conter". De studéierte Grafiker koum wärend dem Studium mat der Illustratioun a Kontakt a war zum Beispill fir Schoulbicher aktiv. Zanter 2002 bréngt hie Kannerbicher eraus an 2007 ass de Comicalbum "Nostradamus" publizéiert ginn. Hien huet e Comic iwwer de Privatdetektiv Wilsberg gemaach an dëst Joer ass "Liberty" fäerdeg ginn, dat a Frankräich, England, den USA an zu Conter erauskënnt. De Jörg Hartmann ass ee vu 50 Auteuren, déi de Weekend um BD Festival present sinn.
Den David Holbrechts spillt mat LXPE e Samschdeg moderne Fänkches um Camping zu Schwéidsbeng. Mat senge 24 Joer an engem Master a "Computer Science" an der Täsch, ass de Sekretär vun der "Luxembourg Parkour Academy" zimmlech sportlech. Zu senge sportlechen Disziplinnen ziele Parkour, Boulderen an zanter dësem Joer och Calisthenics. Dëse Weekend kann ee sech um Camping zu Schwéidsbeng e Bild maache bei Workshops a Competitiounen. Et gëtt Livemusek an eng Afterparty.