Gaarden-Tour (3)Zu Wëntger bei der Famill Scholtes

Rosa Clemente
Dës Woch si mir an eisem Summermagazin an de Gäert vu private Leit ënnerwee - 4 Regiounen a 4 Gäert.
De Summermagazin vum 24. Juli 2024
Dës Woch si mir an eisem Summermagazin an de Gäert vu private Leit ënnerwee - 4 Regiounen a 4 Gäert. Haut aus dem Gaart vun der Famill Scholtes vu Wëntger.

E Mëttwoch geet et an dee schéinste Gaart aus der Regioun Norden: Op Wëntger, am Kanton Clierf, bei d’Famill Scholtes. An hirem Gaart fënnt ee villerlee. Eng Terrass, ee Chalet, Blummen, ee Bongert an esouguer Hénger.

De Maurizio Cavuoto, bekannt aus der Serie “Ausgesat”, war fir eis op Dikrech an huet do getest, wéi gutt d’Leit aus dem Norden sech an hirer Regioun auskennen. Zu Gaascht an dëser Emissioun ass d’Ann Müller vun der LUGA (Luxebourg Urban Garden Association). Musikalesch begleet gëtt dat Ganzt vun der Wëntger Musek.

ARTIKEL: Gaarden-Tour (1): Zu Zolwer bei der Famill Hemmer ARTIKEL: Gaarden-Tour (2): Zu Stroossen bei der Famill Mukhamediev

Back to Top
CIM LOGO