Gaarden-Tour (2)Zu Stroossen bei der Famill Mukhamediev

Rosa Clemente
Dës Woch si mir an eisem Summermagazin an de Gäert vu private Leit ënnerwee - 4 Regiounen a 4 Gäert.
De Summermagazin vum 23. Juli 2024
Dës Woch si mir an eisem Summermagazin an de Gäert vu private Leit ënnerwee - 4 Regiounen a 4 Gäert. Haut aus dem Gaart vun der Famill Mukhamediev vu Stroossen.

En Dënschdeg geet et an dee schéinste Gaart aus der Regioun Zentrum: Op Stroossen bei d’Famill Mukhamediev. An hirem Gaart fënnt een nieft engem Schachbriet och nach ee Mini-Golf-Terrain, an dat alles op knapp 2 Ar.

Mat Live-Musek vu “Bartleby Delicate” an dem Mike McQuaide, méi bekannt ënnert dem Numm “An American in Luxembourg” als Gaascht. An net ze vergiessen, de Maurizio Cavuoto, bekannt aus der Serie “Ausgesat”, test erëm, wéi gutt d’Leit aus dem Zentrum sech an hirer Regioun auskennen.

ARTIKEL: Gaarden-Tour (1): Zu Zolwer bei der Famill Hemmer

Back to Top
CIM LOGO