Gaarden-TourZu Zolwer bei der Famill Hemmer

Rosa Clemente
Dës Woch si mir an eisem Summermagazin an de Gäert vu private Leit ënnerwee - 4 Regiounen a 4 Gäert.
De Summermagazin vum 22. Juli 2024
Dës Woch si mir an eisem Summermagazin an de Gäert vu private Leit ënnerwee - 4 Regiounen a 4 Gäert. Haut live aus dem Gaart vun der Famill Hemmer vun Zolwer.

Méindes geet et lass an dee schéinste Gaart aus der Regioun Süden: Op Zolwer bei d’Famill Hemmer. Zënter méi wéi 45 Joer wunnen d’Marcelle an de René Hemmer schonn an dësem Haus an och grad esou laang och fleege si schonn hire Gaart vun 18 Ar.

Am Summermagazin gouf et ënnert anerem Live-Musek vun der lëtzebuergescher Band “The Cookie Jar Complot” an de Maurizio Cavuoto, bekannt aus der Serie “Ausgesat”, huet getest, wéi gutt d’Leit aus dem Süde sech an hirer Regioun auskennen.

Back to Top
CIM LOGO