Den Thomas Gottschalk huet sech op Ibiza bestuet

© PHILIPP VON DITFURTH DPAdpa Picture-Alliance via AFP
Den TV-Entertainer huet e Sonndeg och eng Partie Fotoen vun der Feier op Ibiza op Instagram gepost. Heirobber gesäit een hie mat senger Partnerin Karina.
"Obwuel ech dës Evenement ëmmer nach als e ganzt perséinlecht Erliefnis empfannen, huelen ech Iech mat op meng Hochzäit mam Karina op Ibiza", schreift hien dobäi. Wéi et heescht soll d'Bestietnes selwer schonn den 23. August a klengem Krees gewiescht sinn.
Wéi Medie mellen, soll d'Karina och dem Gottschalk säin Numm ugeholl hunn. Den Thomas Gottschalk as seng Ex-Fra Thea hu sech am Fréijoer no 48 Joer scheede gelooss. Virdru waren se awer schonn zënter 5 Joer getrennt gewiescht.